Handball Esch

Vu Wikipedia

Den Handball Esch (kuerz: HB Esch) ass ee lëtzebuergeschen Handballclub vun Esch-Uelzecht.

En ass 2001 aus der Fusioun vum HB Eschois Fola mam HC La Fraternelle Esch ervirgaang. Zënterhier war de Club bei de Männer 12-mol Lëtzebuerger Champion an huet 8-mol d'Coupe de Luxembourg gewonnen (Stand 20.5.2023) .

Am Joer 2013 huet d'Männerekipp vum Handball Esch et bis an d'Finale vum EHF Challenge Cup gepackt. D'Ekipp gouf 2010 an 2013 vun der Lëtzebuerger Sportpress zur Ekipp vum Joer gewielt.