Hardware

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hardware ass en allgemenge Begrëff, deen haaptsächlech an der Informatik gebraucht gëtt. Dorënner versteet een déi physesch a materiell Komponente vun engem Computer oder engem Computersystem.

Beispiller vun Hardware: Bildschierm, Clavier, Maus, Haut-Parleur, Lafwierk, Computerkaarten a.s.w.

Niewent der Hardware brauch een och Software, fir mat engem Computer oder an engem Computersystem schaffen ze kënnen. Dat sinn déi immateriell Komponenten, ewéi Betribssystem, Programmer an aner Donnéeën, déi net physesch erfaasst kënne ginn.

Kuckt och [änneren]

Commons: Computer hardware – Biller, Videoen oder Audiodateien