Hassan Sheikh Mohamud

Vu Wikipedia
Hassan Sheikh Mohamud
Gebuer 29. November 1955
Nationalitéit Somalia
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Enseignant

Den Hassan Sheikh Mohamud (Somalesch: Xasan Sheekh Maxamuud, Arabesch: حسن شيخ محمود), gebuer den 29. November 1955 zu Jalalaqsi, ass e somalesche Politiker, fréieren Universitéits-Dekan a Biergeraktivist. Hie war vun 2012 bis 2017 President vu sengem Land, an ass dat nees zanter Mee 2022.

De Mohamud ass Member vum Hawiya-Clan, deen aus dem Süden an de mëttelse Somalia hierkënnt. Hien huet vum Enn vun den 1980er Joren u fir eng Rëtsch national an international Friddens- an Entwécklungsorganisatioune geschafft.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hassan Sheikh Mohamud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuerzbiografie, allAfrica.com, 11. September 2012