Haupeschkierch zu Präiteler

Vu Wikipedia
Kierch vu Präiteler

Uertschaft / Plaz Präiteler
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Koordinaten 49° 46’ 37,7’’ N
      06° 18’ 11,8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Haupeschkierch zu Präiteler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Konsdref gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt. Eng Statu vum Hl. Haupert steet an der Nisch an der Fassad iwwer dem Agank.

D'Kierch steet zu Präiteler op der Kräizung vum Scheedwee mat der rue Hicht zirka 50 m vun der rue d'Altrier, dem (CR365).

Zur fréierer Par Konsdref hunn ausser der Filialkierch vu Präiteler och nach d'Parkierch vu Konsdref, d'Filialkierch vum Scheedgen an d'Kapell vu Kolwent gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kapell gouf zu Präiteler schonn am Joer 1570 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt. Se stoung do wou haut nach de Kierfecht ass, an der rue du Village. Déi aktuell Kierch staamt aus dem Joer 1881.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Klacke si vun 1973 a kommen aus der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg a lauden an den Téin Si (Grouss Klack) a Re (kleng Klack). Déi grouss Klack weit 330 Kilo an ass der Maria geweit. Déi kleng Klack weit 190 Kilo an ass dem Hubertus geweit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch zu Präiteler – Biller, Videoen oder Audiodateien