Henry Liddell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Karikatur vum Henri Liddell

Den Henry Liddell, gebuer de 6. Februar 1811, a gestuerwen den 18. Februar 1898 war Vizekanzler vun der Oxford Universitéit, Dekan vun der Christ Church vun Oxford.

Vun 1846 bis 1855 huet e Cours gehalen an der Westminster School. Mam Robert Scott ass hie Matediteur vun dem groussen A Greek-English Lexicon.

Säi Meedchen Alice war d'Virbild, dat de Charles Lutwidge Dodgson hat, fir ënner dem Pseudonym Lewis Carroll säin Alice's Adventures in Wonderland ze schreiwen, dat 1865 erauskoum. D'Fortsetzung war Through the Looking-Glass, and What Alice Found There.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henry George Liddell – Biller, Videoen oder Audiodateien