Hikitsuchi Michio

Vu Wikipedia
Hikitsuchi Michio
Gebuer 14. Juli 1923
Gestuerwen 2. Februar 2004
Nationalitéit Japan

Den Hikitsuchi Michio Sensei, gebuer de 14. Juli 1923 zu Shingu an der Prefektur Wakayama, a gestuerwen den 2. Februar 2004,[1] war ee Meeschter vum Aikido am 20. Joerhonnert.

Hien huet sech zanter sengem néngte Liewensjoer mat Art martial beschäftegt. Mat 14 Joer begéint hie fir d'éischt den O Sensei Morihei Ueshiba, de Grënner vum Aikido, an e war 40 Joer säi Schüler.

Hien huet als Eenzege vun deem senge Schüler 1969 e puer Méint virum Doud vum Morihei Ueshiba vun him perséinlech den 10. Dan kritt. Zugläich krut en d'schrëftlech Erlabnes fir den Ëmgang mam laange Knëppel (Masakatsu Bo-Jutsu) a mam Schwäert (Sho Chiku Bai No Ken) ze léieren.

Den Hikitsuchi Michio huet zu Shingu, enger klenger Stad an der japanescher Prefektur Wakayama, gelieft.

Seng Léier gëtt an Europa ënner anerem vu sengem laangjärege Schüler Gérard Blaize weiderginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie vun der Association Internationale d'Aïkido Traditionnel du Japon, fir d'lescht opgeruff de 26.02.2023.