Ike Turner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ike Turner, gebuer de 5. November 1931 zu Clarksdale, Mississippi a gestuerwen den 12. Dezember 2007 zu San Diego, war en US-amerikanesche Pianist, Bassist, Gittarist a Produzent.
Hie war virun allem bekannt fir seng Zesummenaarbecht mat senger Fra vun deemools, der Tina Turner, als Duo Ike & Tina Turner.
Den Turner, dee joerzéngtelaang mat Drogen hantéiert huet, ass, wéi d'Geriichtsmedeziner vu San Diego et Mëtt Januar 2008 matgedeelt hunn, un enger Iwwerdosis Kokain gestuerwen.
| Commons: Ike Turner – Biller, Videoen oder Audiodateien |