Independent Little Lies

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Independent Little Lies (kuerz: ILL) ass eng Vereenegung vu Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun.

Am Kulturjoer vun 1995 gegrënnt, huet ILL Joer fir Joer mat verschiddenen Organisatiounen an Haiser (am heefegsten mat dem Kulturzentrum Kulturfabrik) zesummegeschafft, fir modern an alternativ Projeten am Beräich vun den "performing arts" z'inszenéieren.

D'Geschicht vun Independent Little Lies[änneren | Quelltext änneren]

Produktiounen[änneren | Quelltext änneren]

2010: "ILL Summerdreams", en Festival mat 5 zeenesche Liesungen: "Narziss&Echo" vum Linda Bonvini, "The@er-Love (im)possible" vum Anne Simon, "Starting out: Arthur&Mary" vum Claire Thill, "Voix de femmes" vum Jill Christophe, "dramkulturlandschaftlëtzebuerg" vum Natalie Ortner
2009: "L' Annonce" vum Ian De Toffoli, eng Koproduktioun mam CAPe a Ministère de la Famille an enger Mise en scène vum Marc Baum
2009: "Music-Hall", en Theatersteck aus dem Joer 1989 vum Jean-Luc Lagarce an enger Mise en scène vum Jill Christophe
2009: "L'envers du décor", eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
2008: "Mammuthus Exilis", en Theaterstéck vum Jérôme Netgen an enger Mise en scène vum Anne Simon
2008: "Die Terroristen", en Theaterstéck vum Sven Ruecker a Marc Baum
2007: "Schutt-Debris", en Theaterstéck vum Dennis Kelly
2007: "Mercury Fur", en Theaterstéck aus dem Joer 2005 vum Philip Ridley an enger Mise en scène vum Johannes Maile
2006: "Zoo Story", en Theaterstéck aus dem Joer 1959 vum Edward Albee an enger Mise en scène vum Marc Baum
2006: "Mascarade Loufoque", eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
2005: "Petits mensonges entre amis", e Festival mat 70 Kënschtler
2004: "ID-Project", eng Kreatioun vun ILL
2004: "Roots", eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
2004: "Prinz sucht...", eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
2003: "Far Away", en Theaterstéck aus dem Joer 2000 vum Caryl Churchill
2002: "Entrez", eng interaktiv Fotografie-Installatioun
2001: "das phaidra projekt", eng Kreatioun vun ILL
2000: "Dreck", e Monolog aus dem Joer 1991 vum Robert Schneider
1999: "Die Schutzflehenden", eng griichesch Tragedie aus dem Joer 413 v.C. vum Aischylos
1998: "Menschheitsdämmerung", eng Performance op der Basis vun enger expressionistescher Lyrik-Anthologie vum Kurt Pinthus aus dem Joer 1919
1998: "Im Trocknen", en Theaterstéck aus dem Joer 1981 vum Reinhard Kuhnert
1996: "Beute" (eng. "Loot"), e schwaarzt Kaméidistéck aus dem Joer 1965 vum Joe Orton
1995: "Der beste Tag", en Theaterstéck vum Dirk Gindt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]