Internetforum
En Internetforum ass eng Web Applikatioun op enger Websäit, déi et senge Benotzer erméiglecht, fir mateneen ze kommunikéieren. Et ass eng Alternativ zu scho méi eelere Systemer wéi Usenet oder Mailinglëschten. Am Géigesaz zum Chat ginn déi geschriwwe Beiträg net an engem Lach vu Logdateien ënner, mee se bleiwe gespäichert a kënne vu all berechtegte Benotzer (User) resp. Gaascht (Guest) gelies ginn.
Déi verschidden Nimm fir Internetforume sinn:
- Diskussiounsforum,
- Forum,
- Board,
- Bulletin Board,
- Online/Webforum.
Inhaltsverzeechnes |
Opbau [änneren]
An der Regel huet esou een Internetforum e bestëmmt Thema an ass an der Struktur a Kategorië resp. an Ënnerkategorien opgegliddert.
Bannent de Kategorië kann de Benotzer dann en Thema (Topic, Thread) wat e wëllt opmaachen, deem en natierlech och een Titel (Iwwerschrëft) gëtt. Doropshi kënnen aner Benotzer dann äntwerten (reply) an de Threadstarter kann dat selbstverständlech och. Déi eenzel Beiträg an engem Internetforum nennt een och nach "postings" (pl. Beitrag) oder "replies" (pl.: Äntwert)
Duerstellungsmethoden [änneren]
Ofhängeg vun der Foresoftware an hirer Konfiguratioun ginn et verschidde Méiglechkeete fir den Inhalt vun engem Thema unzeweisen:
- Threaded View: Bei dësem System ginn déi eenzel Bäiträg a Form vun engem Bam duergestallt. Et entsteht esou eng hierarchësch Struktuer, duerch déi een erkennt, wat fir een Bäitrag als Äntwert op wat fir een anere Bäitrag erstallt gouf.
- Flat Style oder Linear Mode: Dëse System weist all d'Bäiträg an engem Thema a chonologescher Reiefolleg un.
- Hybrid View: Eng Mëschung vun deenen anere Systemer.
Hierarchie [änneren]
En Internetforum ass generell hierarchech organiséiert an an all gréisserem Interetforum ginn et op d'mannst dës "Zorte" vu Benotzer:
- Administrator: meeschtens de Grënner vum Forum an och meeschtens Webmaster, huet Zougrëff op den Admin Control Panel, Datebank, Server, etc.
- Moderatoren: si këmmere sech ëm déi méi alldeeglech Aufgaben am Forum wéi z. B. datt net géint forumsintern Regele verstouss gëtt.
- Benotzer: Normal Membere vum Forum.
Internetforumen zu Lëtzebuerg [änneren]
Kuckt dozou d'Lëscht vu Lëtzebuerger Internetforumen.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Lëschtech Forumsbiller - "Wayne-Biller" déi dacks an Internetforumen gepost ginn
- Fore-Smilies - Graphesch Smilien, déi a ville Forume benotzt ginn
- Big-boards.com - Eng interessant Säit, déi déi gréissten Internetforumen oplëscht.
- Web Forum
| Commons: Internet forum – Biller, Videoen oder Audiodateien |