Jean-Marie Gustave Le Clézio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Marie Gustave Le Clézio (J.M.G. Le Clézio), gebuer den 13. Abrëll 1940 zu Nice, ass e franséische Schrëftsteller.
De J.M.G. Le Clézio ass virun allem bekannt duerch seng Romaner Le Procès-verbal, Désert a Le Chercheur d'or.
Dacks fënnt een a senge Wierker Zivilisatiounskritik a Kritik un der europäescher Kolonialgeschicht.
2008 krut de J.M.G. Le Clézio de Literaturnobelpräis.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Jean-Marie Gustave Le Clézio – Biller, Videoen oder Audiodateien |