Jeliu Jelew

Vu Wikipedia
Jeliu Jelew
Gebuertsnumm Желю Митев Желев
Gebuer 3. Mäerz 1935
Gestuerwen 30. Januar 2015
Sofia
Nationalitéit Bulgarien
Aktivitéit Politiker, Philosoph, Saachbuchauteur

De Jeliu Mitew Jelew (op däitsch Schelju Schelew geschriwwen), bulgaresch: Желю Митев Желев, gebuer den 3. Mäerz 1935 zu Wesselinowo a gestuerwen den 30. Januar 2015[1]) war e bulgaresche Philosoph, Politiker a fréieren Dissident.

Hie war vum 1. August 1990 bis zum 22. Januar 1997 President vu Bulgarien an deen éischten demokratesch gewielte President vu sengem Land.

Hie war 1988 Matgrënner vum Klub fir d'Ënnerstëtzung vun Transparenz an Transformatioun. 1990 gouf e Leader vun der Unioun vun den Demokratesche Kräften (Sajus na Demokratitschni Sili, SDS), déi wärend dem Demokratiséierungsprozess vun dervirmoleger Volleksrepublik entstane war.

Wéinst Divergenze mat senger Partei gouf hien 1996 net méi als Kandidat fir seng Nofolleg opgesat, an de Petar Stojanow vun der SDS gouf Kandidat an, nodeems en d'Wale gewonnen hat, säin Nofollger,

De Jelew ass Auteur vun enger Rëtsch Bicher aPublikatiounen; als säi wichtegst Wierk gëllt d'Buch Faschismus (Фашизмът), dat 1982 erauskoum a kontrovers diskutéiert gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zhelyu Zhelev – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bulgaria's 1st democratically elected president Zhelyu Zhelev dies