Julot Faber
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Julot Faber | |
---|---|
Gebuer | 1928 |
Gestuerwen | 10. Januar 2011 |
De Julot Faber, gebuer 1928, gestuerwen den 10. Januar 2011, war e lëtzebuergesche Museker[1], Promoteur vum Lëtzebuerger Folklore, Alpinist a Fotograf.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De fréiere Steierbeamte Julot Faber huet sech ë. a. a follgende Veräiner an Initiative staark engagéiert:[2]
- Initiator, Danzmeeschter, Musikant a laangjährege President vum Stater Folklorgrupp "Uucht – La veillée";
- Matgrënner vum Orchester Luxembourg Philharmonie;
- Matgrënner vum Groupe alpin luxembourgeois, mat deem hien 1961 un enger belscher Expeditioun a Grönland deelgeholl hat;
- d'Chéier Orphéon municipal a Chorale Sainte-Cécile Lampertsbierg;
- Union des sociétés de chant;
- d'Lëtzebuerger Jugendherbergen.
De Julot Faber war bestuet a Papp vun dräi Kanner.
CDen
[änneren | Quelltext änneren]- Uucht – La veillée, 1998. Lëtzebuerger Volleksdänz.[3] CD, ~33 Min. [Chris Birch, Gei; Julot Faber, alto; Cary Greisch, Gittar, Kontrabass, Tountechnik; Jos Schulté, Klarinett; Néckel Schulté, Kontrabass.]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Als, Georges, 2011a. Äddi, Julot Faber (1928-2011). Luxemburger Wort Nr. 32 (7. Februar), S. 52.
- Als, Georges, 2011b. Äddi, Julot Faber (1928-2011): un homme-orchestre. Lëtzebuerger Journal Nr. 27 (9. Februar), S. 23.
- Als, Georges, 2011c. Un homme-orchestre: Äddi, Julot Faber (1928-2011). Tageblatt Nr. 36 (12./13. Februar), S. 12.
- Faber, Julot, 1984. Mäi Liewen mat den Ajisten a beim Groupe Alpin. In: Mir zéien iwer d'Stroossen. Centrale des Auberges de jeunesse luxembourgeoises. Luxembourg. pp. 140–141.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Nieft dem Gesank huet de Julot Faber follgend Instrumenter gespillt: Gei, Alto a Flütt.
- ↑ Quellen: d'Sendung vum Carlo Link "Erlieft a Verzielt" vum Sonndeg, 8. Februar 2009 (9h30, Rediffusioun 19h00); Als 2011c an der Literatur.
- ↑ Inhalt vun der CD: Maclotte vun Habiemont • Éislécker (Valse ardennaise) • Eifeler Maclotte • Minnewee • Pick Polka • Karschnatz • Schottesch Näip • Konterdanz (Contredanse de Bastogne) • Härendanz • Siwespronk • Baaschtnécher (Valse de Bastogne) • Ronde Lorraine • Sonndesdanz • Chiberli