Këssen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Këssen an enger Butteksfënster

E Këssen, och Pillem genannt, ass eng Zort stoftene Sak, dee mat mëllem Material gefëllt ass a geduecht ass, fir sech drop ze setzen oder derwidder ze stäipen, resp. de Kapp drop ze leeën. Am leschte Fall schwätzt een och vun engem Kappkëssen oder Kapppillem.

E Këssen huet gewéinlech baussen eng Housse, oder, wann d'Housse soll kënne gewäsch ginn, eng Bannen- an eng Baussenhousse, wouvunner déi baussentst dacks dekoréiert ass, sief et duerch Brodéieren, sief et duerch faarwechen Drock oder agewiefte Musteren. Fir d'Housse vum Kappkësse gëtt och den Ausdrock Kappzich gebraucht. Bannendra si Kësse mat mëllem Material gefëllt, wéi Staf oder Plommen, syntetesche Moussen, asw.

Perséinlech Tools