Kami

Vu Wikipedia

Kami (jap. 神) bezeechent an éischter Linn am Japanesche Shintoismus déi veréiert Gëtter. De Wee vun de Kami heescht op Japanesch Shintō. An de sougenannte Shintō-Schräiner ginn d'Kami veréiert. Am Japanesche kann de Begrëff deemno awer och op aner Relioune bezu ginn.

Eng konkreet Iwwersetzung vun dësem Begrëff ass schwéier. D'Konzept Kami bezeechent Naturgeeschter, déi an Déieren, Planzen, Bierger, Flëss oder Beem wunnen. Kami kann awer och op Gespenster an d'Séile vu Verstuerwene bezu ginn, déi nom westleche Verständnis net sou als Gëtter bezeechent ginn. Kami huet och vill typesch Eegenschafte vu verschiddene Gëtter an anere Reliounen net, wéi zum Beispill d'Onendlechkeet. Wéi de Shintoismus selwer huet och de Kami am Laf vun der Zäit vill Verännerungen duerchgemaach. De Begrëff Kami ass dowéinst nëmmen am Kontext vu senger Geschicht z'erklären.