Kaplan-Turbinn

Vu Wikipedia
Schematesch Duerstellung vun enger vertikaler Kaplan-Turbinn

D'Kaplan-Turbinn ass eng Turbinn fir Stroum ze produzéieren. Si gouf 1913 vum éisträicheschen Ingenieur Viktor Kaplan entwéckelt.

Dës Turbinn ass besonnesch effikass bei Stauwierker op Flëss déi vill Waasser féieren a wou d'Gefäll net brauch héich ze sinn, (tëscht 10 an 30 Meter, geet schonn duer fir e gudde Rendement ze hunn).

Vertikal agebaute Kaplan-Turbinne gi bei Kraaftwierker op Flëss bis Falhéichte vu 6,5 Meter agesat. D'Lafrad vu sou enger Turbinn gläicht enger Schëffsschrauf. D'Schaute vun der Turbinn si verstellbar a kënnen durch Servostéierung verstallt ginn, a sou der Quantitéit an dem Drock vum Waasser ugepasst ginn, fir ëmmer e maximale Rendement ze hunn.

Am Agank vun der Turbinn ass e Leetwierk dat och verstellbar Lamellen huet. Dëst hëlleft datt d'Waasser ëmmer parallel zur Turbinnenachs op d'Schauten trëfft.

Kaplan-Turbinne gi mat dräi bis sechs Lafradschaute gebaut. Grouss Kaplan-Turbinne gi meeschtens vertikal agebaut, sou datt d'Waasser vun uewen no ënnen derduerch leeft.

Kaplan-Turbinnen dréine mat 50 bis 250 Tier an der Minutt an hunn e Wirkungsgrad bis zu 95 %.

Um Spaweck = Um Spaweck = Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kaplan-Turbinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien