Kartäuser

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kartäuser (op fr. chartreux) ass den Numm vun engem reliéisen Uerde vun der kathoulescher Kierch, dee vum hl. Bruno gegrënnt gouf, wéi hie sech 1084 mat sechs Compagnonen an de Massif de la Grande Chartreuse zeréckgezunn huet. Et handelt sech ëm en Eremitenuerden, d. h. Einsiidler déi zesummeliewen: jiddereen huet en Haische fir sech mat engem Gaart. Dës Haisercher leie ronderem e banneschten Haff, mam Kierfecht dran. D'Regel vum Uerden ass ganz streng, si verbitt souzesoen all Gespréich an all Kontakt mat der Baussewelt. Déi meescht Zäit verbrengt e Kartäuser an sengem Haischen, just 3 mol am Dag gesi se sech fir d'Gebiet an der Kierch a Sonndes fir z'iessen, eemol an der Woch maache se och e Spadséiergank mateneen.

An engem Klouschter (enger Chartreuse) liewen dräi Zorte Kartäuser:

  • Pateren
  • Bridder
  • Donaten

Et gëtt och Kartäuseruerde fir Fraen.

D'Pateren aus dem Haaptkklouschter (Grande Chartreuse am franséischen Departement Isère) liwweren d'Kraider fir d'Produktioun vum Likör mam Numm Chartreuse.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Carthusian monasteries – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen