Kasselberg

Vu Wikipedia
De Kasselberg, Monument vum Maréchal Foch an d'Millen.

De Kasselberg (fr: Mont Cassel) ass en Zeiebierg am Franséische Westhoek, am Departement Nord. D'Kopp ass mat 176 Meter déi héchst am Westhoek. Op der Kopp läit d'Stad Cassel.

De Kasselberg gehéiert zum zentralen Hiwwelkamp am Heuvelland, zesumme mat den anere Koppen Watenberg, Wouwenberg, Katsberg, Boeschepeberg, Kokereelberg, Zwarteberg, Vidaigneberg, Baneberg, Rodeberg, Sulferberg, Goeberg, Scherpenberg, Monteberg, Kemmelberg a Letteberg. Südlech vum Hiwwelkamp läit den Dall vun der Leie an am Norden dee vun der Yser.

Am Éischte Weltkrich hat de Maréchal Foch do säin Haaptquartier tëscht 1914 a 1915. Vun do aus huet e seng Truppen an der éischter Schluecht vun Ieper an an der Schluecht op der Yser kommandéiert.

D'Kopp am Vëlossport[änneren | Quelltext änneren]

De Stouss fir op d'Kopp ass eng Paweesstreck déi zanter 1957 an der Classique Gent-Wevelgem gefuer gëtt. 1957 gouf en zweemol gefuer, 1993 dräimol an 1994 an 1955 souguer véiermol. Zanter 2012 gëtt en zweemol gefuer.

An de Quatre jours de Dunkerque steet en och alt mol um Programm.