Kategorie Diskussioun:Buedzëmmer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fannen, et géif méi Sënn maachen, dës Säit "Kategorie:Buedzëmmer" ze nennen, well een an där Kategorie jo keng Artikelen iwwer Buedzëmmere fënnt, mee Artikelen iwwer Saachen, déi een am Buedzëmmer fënnt oder déi domat ze dinn hunn. À la "Kategorie:Gesellschaft", amplaz "Kategorie:Gesellschaften", well an där Kategorie keng Artikelen iwwer bestëmmte Gesellschaften ze fanne sinn, mee Artikelen, déi mat der Gesellschaft ze dinn hunn.--Bdx (Diskussioun) 07:35, 6. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

  1. Ons Katogorië ginn am Prinzip ëmmer an der Méizuel ugeluecht ausser a Spezielfäll wou et guer net vertrietbar oder e falsche Sënn ergëtt.
  2. well een an där Kategorie jo keng Artikelen iwwer Buedzëmmere fënnt Ass dat en Argument? Just well et am Ament nach keng sou Artikele gëtt a well lo ee sech net ka virstellen dat et der mol géife ginn. Déi grouss en:Wiki a commons hu kee Problem mat der Méizuel firwat solle mir een hunn an déi hunn och een oder den aneren Artikel.

Vläicht huet och nach een en aner Meenung. --Les Meloures (Diskussioun) 07:48, 6. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Ech hunn da bei där Geleeënheet och d'Commoncat verbessert déi s de als Buedzëmmer ugeluecht has. --Les Meloures (Diskussioun) 07:54, 6. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Mee dat ass dach en Argument. Kanns du mir w.g.l erklären, firwat d'"Kategorie:Haus" net "Kategorie:Haiser" heescht?--Bdx (Diskussioun) 08:58, 7. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


Ech kéint, mä ech maachen dat net sou laang wéi deng dräi veschassen Artikelen Strooss, Mixer an Dampfgarer net verbessert sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:12, 7. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]