Kategorie Diskussioun:Buergen a Schlässer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mir hunn eng Kat. Buergen a Schlässer an eng Schlässer a Buergen. Misst een sech villeicht fir eng décidéieren, oder? Waatfireng ? Oder solle mir se trennen eng KAt. Buergen an eng fir Schlässer --Alexandra 08:58, 20 Juli 2005 (UTC)

ech wier fir d'Buergen a Schlässer-Kat. Optrennen fannen ech net gudd, mier hu schon net extra där Gemäier, sou huet een se weinstens op ee Bléck ^^ --JimHawk 09:41, 20 Juli 2005 (UTC)

Buergen a Schlässer, da bleiwe mer och alphabetesch der Rei no. Johnny Chicago 09:48, 20 Juli 2005 (UTC)

Déi 2 si gehopst ewéi gesprongen, dofir huet d'Propos mat "Buergen a Schlässer" vëlleg meng Zoustëmmung. Vum Opdeele giff ech allerdéngs d'Fangere loossen: wou halen d'Buergen op a fänken d'Schlässer un (oder emgedréint)???

-Zinneke 10:00, 20 Juli 2005 (UTC)


Ok, ech huelen dann di Schlässer a Buergen eriwwer --Alexandra 11:40, 20 Juli 2005 (UTC)


Hei ginn et Buergen a Schlässer an der Belsch an et ginn Lëtzebuergesch Buergen a Schlässer....asw... Eng Kéier steet d'Land vidrunn an dann erëm eng Kéier hannendrunn. Sollte mir net bei engem System bleiwe? Ware mir net bei anere Kategorie verbliwwen, datt d'Land hannendrunn steet? --Alexandra 12:55, 19. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Du hues recht, mer sollten dat eenheetlech maachen. Et gëtt där Kategorien och bestëmmt nach vun aneren Denger wéi Provënzen oder Kantonen oder soss aner Saachen, bei deene mer en Adjektiv virdru stoen hunn amplaz d'Land hannendrun. An dësem Fall sinn et der net vill an ech setze mech derhannert fir dat nach haut op eng Schinn ze kréien. Wann aner Kategorien an deem Sënn opfalen, einfach op Meng Diskussiounssäit setzen. Les Meloures 15:23, 19. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

P.S.: D'Aktioun ass ofgeschloss Les Meloures 17:33, 19. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Dat war séier :-) Merci --Alexandra 08:45, 20. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]