Kategorie Diskussioun:Cellisten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ausser bäi Sportlerinnen a Schrëftstellerinnen, kéinte mer eis net eens ginn, net och nach extra ze ënnerscheeden tëscht "in" an net "in", well soss diskriminéiere mer jo grad. Enfin, bäi Sportlerinne verstinn ech d'Distinktioun, well een do am Sport selwer wéinst ënnerschiddleche Leeschtungen en Ënnerscheed mécht. Mee op elo eng Fra oder e Mann Cello spillt, dat kënnt fir mech an der Leeschtung op d'selwescht eraus, also sollte mer déi zwee och kategorieméisseg d'selwescht behandelen. Elo kéint ee soen, kee Problem da setze mer eben d'Männer ënnert Cellistin. Mee elo ausser dem Fait datt dat géint den üblechen an och vu kengem contestéierte Sproochgebrauch geet, ass dann ëmmer nach de Problem, firwat mer eng Kategorie Violonist hunn an net Violistin. Fazit: wéis du net dermat d'accord, fir dës Kategorie an "Cellist" ëmzebennen an d'Saach esou e bësse méi einfach ze maachen? --Otets 12:33, 6 Mee 2005 (UTC)


Ech sinn op alle Fall dénger Meenung fir alles ënnert en Hut ze setzen. Ech hunn eigentlech och net esou richteg verstanen firwat dat opgedeelt ginn ass. Mat de Schauspiller ass et jo och opgedeelt, keng Ahnung firwat ??? --Alexandra 12:56, 6 Mee 2005 (UTC)

Villäicht well Schauspiller a Schauspillerinnen net déiselwescht Fangrupp hunn, ech wees et och net. Dann hu mer och nach d'Kategorie Verhalensfuerscherin, mee bon, do ass mer elo kee Verhalensfuerscher direkt bekannt, vun dohier... Ech änneren dann also "Cellistin" an "Cellist" ëm (leider muss ech do den Ëmwee huelen, well Kategorie kann een net esou einfach réckelen). --Otets 13:09, 6 Mee 2005 (UTC)