Kategorie Diskussioun:Griichesch Verwaltungsbezierker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien

Sou wäit wéi ech gesinn ass dëse Lemma richteg an net Bez'iirker.

Les Meloures 08:53, 2 Juli 2007 (UTC)

Tjo, do gëtt et nach eng drëtt Méiglechkeet, an dat w"ie"r déi richteg: "Bezirker". J. Braun; 13. Oplo, Säit 19: Extr: Tëscht dem "i" an dem "r" ... gëtt KEE Rëtschvokal gesat, wann den "ir" och am däitsche Wuert "vir"kënnt. --Cornischong 09:08, 2 Juli 2007 (UTC)


Salut,

Hei hu mer dann erëm eng vun de ville Situatiounen wou den DFL eppes anescht seet wéi de Josy Braun, obschonns anscheinend de Josy Braun an der Kommissioun ass déi dat soll iwwerwaachen.

Les Meloures 09:19, 2 Juli 2007 (UTC)

Entschëllegt, léif Leit: Ech hu mech ge"ie"rt: De Rëtschvokal gëtt ëmmer geschriwwen, wann nom "r" nach een oder méi (an dësem Fall!!) Konsonante kommen. --Cornischong 09:27, 2 Juli 2007 (UTC)