Kategorie Diskussioun:Sënnesorganer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Méizuel oder Eenzuel?[Quelltext änneren]

Mer missten ons vläicht hei decidéieren fir entweder alles an d'Meizuel ze setzen oder alles an d'Eenzuel. Ech proposéieren d'Eenzuel well an deene Kategorien nëmme Saachen iwwer ee Sënnesorgan klasséiert ginn. D'engleschsproocheg Wikipedia déi hir Kategorien soss och an der Méizuel stoen huet wéi bei ons, ass och där Meenung. Les Meloures (Diskussioun) 09:28, 22. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien, ech sinn domat d'accord, datt eng eenheetlech Léisung wënschenswäert ass. Ech weess just net, wat fir eng Preferenz ech perséinlech do hätt. Heiansdo wierkt d'Méizuel e bësse komesch (wéi bei „Kategorie:Käpp“ oder „Kategorie:Mënner“, wa mer de Krees e bëssen erweideren), mee heiansdo wierkt d'Eenzuel komesch (wéi bei „Kategorie:A“ oder „Kategorie:Ouer“). Villäicht huet dat domat ze dinn, datt déi eng Kierperdeeler (ëm déi et hei jo an Erweiderung vun de Sënnesorganer geet) duebel virkommen an anerer nëmmen eenzel an dat sech am Sproochgebrauch néierschléit an doduerch meng Preferenze präägt. Doraus géing sech dann Kategorie:Zong, Kategorie:Longen, Kategorie:Liewer a Kategorie:Nieren, als Beispill, erginn. Dat ass awer lo net fuerchtbar systematesch argumentéiert vu menger Säit, just eng Erklärung vu mengem Sproochgefill. Mee wéi oft ee Kierperdeel beim eenzele Kierper virkënnt, kéint ee méiglechen eenheetleche Critère sinn. Volvox (Diskussioun) 08:44, 23. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]