Katsushika Hokusai

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi grouss Well vu Kanagawa

De Katsushika Hokusai (Japanesch: 葛飾北斎 ), gebuer warscheinlech den 31. Oktober 1760 zu Edo (haut Tokyo) a gestuerwen den 10. Mee 1849, war e japanesche Kënschtler.

Den Hokusai huet virun allem Ukiyo-e (japanesch Xylographië) gemaach, am Ganzen eng 30.000 Wierker. Hien huet an alle Genrë vun Ukiyo-e geschafft, mee am Bekanntste vun him si seng Landschaftsbiller. Dozou zielen och 36 Vuën op de Bierg Fuji .

Mat 18 Joer huet hien ugefaangen, am Atelier vum Ukiyo-e-Kënschtler Katsugawa Shunso ze schaffen, deen op Portraite vu Schauspiller spezialiséiert war. 1785 ass hie wéinst artistesche Meenungsverschiddenheeten aus dem Atelier fortgaang. Dono huet hien sech missen duerchschloen, huet awer och niewelaangscht Konscht studéiert. Den Hokusai huet Illustratioune fir Bicher an Holzschnëtt-Drocker kreéiert, meeschtens Szeenen aus dem Alldag, an och japanesch Legenden an Traditiounenen.

[änneren] Vuën op de Bierg Fuji

Eng vun de Vuën op de Bierg Fuji

Den Hokusai huet säi bekanntste Wierk Fugaku Sanjûrokkei ("36 Vuën op der Bierg Fuji") no sengem 60. Gebuertsdag geschaf. Dat bekannsten aus där Serie ass "Déi grouss Well vu Kanagawa", wou een zwee Booter gesäit, déi um Mier géint eng Risewell ukämpfen. Am Hannergrond ass de Bierg Fuji ze gesinn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Hokusai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen