Kauzekapp

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
10 Deeg al Kauzekäpp

E Kauzekapp ass d'Larv vun engem Lurch (Amphibie), wéi Fräschen, Mouken, Salamanderen a Molchen.

Den Numm Kauzekapp ass ofgeleet vum Kierperbau vun de Larve vun de Fräschelurchen, déi en décke Kapp hunn (dohier hiren Numm), keng Patten, mä dofir e laange Schwanz fir ze schwammen.

Um Enn vum Larvestadium metamorphoséiert de Kauzekapp sech zum fäerdege Lurch: déi viischt an hënnescht Been entwéckele sech, de Schwanz an och d'Kime ginn zeréckgebilt, wärend gläichzäiteg d'Longe sech ausbilden.

Terminologie[änneren | Quelltext änneren]

Dat däitscht Wuert Kaulquappe applizéiert sech nëmmen op d'Larve vun de Fräschelurchen (Fräschen, Mouken, asw), déi en décke Kapp hunn an ouni Patten aus dem Ee kommen.

Dat franséischt Wuert têtard bezeechent d'Larve vun allen Amphibien, also och déi vun de Schwanzlurchen (Salamanderen, Molchen), déi e laange schlanke Kierper hunn, a mat Patten aus dem Ee kommen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tadpole – Biller, Videoen oder Audiodateien