Kierch Géisdref

Vu Wikipedia
Kierch vu Géisdref
D'Kierch am Juli 2016

D'Kierch am Juli 2016
D'Kierch am Juli 2016
Uertschaft / Plaz Géisdref
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Konsekratioun 1873
Koordinaten 49° 55’ 15.1’’ N
      5° 58’ 1.4’’ O
D'Karl-Göckel Uergel vun 2005

D'Karl-Göckel Uergel vun 2005
D'Karl-Göckel Uergel vun 2005
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Géisdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.

Par Géisdref, zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Wolz an zu der Gemeng Géisdref gehéiert. Paschtouer Marco Wehles vun Eschduerf.

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert.

Se steet am Zentrum vum Duerf op der Kräizung vum CR321 mat dem CR361. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 29. September 2021 gouf d'Kierch mam Kierfecht als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Géisdref gehéiert ausser der Parkierch vu Géisdref och nach d'Méchelskapell zu Boukels.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Kierchtuerm staamt aus dem Joer 1773[2] (iwwer der Aganksdier ass allerdéngs d'Joreszuel 1747 agravéiert).

Dat neo-gotesch Kiercheschëff ass ëm 1870 erneiert a vergréissert ginn a gouf 1873 konsekréiert. Den Altor ass 1903 vun der Firma Theves vun Housen geliwwert ginn.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vu Géisdref och d'Parkierch vun der Par Géisdref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Géisdref huet ausser der Parkierch vu Géisdref och nach d'Méchelskapell zu Boukels gehéiert.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel gouf 2005 vun der Firma Karl Göckel vu Mühlhausen/Rettigheim bei Heidelberg a Baden-Württemberg gebaut.

D'Paschtéier vu Géisdref[änneren | Quelltext änneren]

Series pastorum an der Kierch.
  • 1402, Johann von Heisdorf[3]
  • 1452, Huard von Wiltz
  • 1589, Hasselborn Johann
  • 1600, Michel von Basenheim
  • 1625, Lullingen Johann
  • 1632, Dominik
  • 1652, Rullingen Johann
  • 1652-1684, Beven Dominik
  • 1684-1701, Drauffelt Corn.
  • 1702-1709, Wycourt Joh. Franz Wiltz
  • 1709-1714, Crendal Joh. Wiltz
  • 1714-1719, Sassel Corn.
  • 1719-1722, Lambrement Aegidius Wiltz
  • 1722-1766, Koch Andreas Wiltz
  • 1766-1795, Schleich Corn. Joh.
  • 1795-1804, Kettels Joh. Gregor Wiltz (Verwalter)
  • 1804-1814, Kettels Joh. Gregor Wiltz (Pfarrer)
  • 1814-1820, Hahn Heinrich Mecher
  • 1820-1829, Mertens Nic. Mecher
  • 1829-1862, Eicher Joh. Boeven
  • 1862-1889, Hess Petr. Rippweiler
  • 1889-1901, Majerus Joh. Waldbillig
  • 1901-1901, Keup J.P. Weiswampach
  • 1901-1914, Furst Friedr. Simmern
  • 1914-1923, Brand Steph. Lullingen
  • 1923-1934, Daubach Nic. Niederwiltz
  • 1934-1941, Weis Jos. Holtz
  • 1941-1953, Colling Nic. Wilwerwiltz
  • 1953-1979, Roulling Math. Harlingen
  • 1979-1991, Mathgen Joseph Vichten (Verwalter)
  • 1991-2005, Wampach Ernest Perlé (Verwalter)
  • 2005- Wehles Marco Hoscheid

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Géisdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Beschreiwung vun der Kierch op der Säit vun der Par
  3. Nimm wéi uginn op dem Panneau am Agank vun der Kierch.