Kierch Wolwen

Vu Wikipedia
Kierch vu Wolwen
Parkierch vu Wolwen (2014)

Parkierch vu Wolwen (2014)
Parkierch vu Wolwen (2014)
Uertschaft / Plaz Wolwen
Par Rammerech
Saint-Valentin
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Paulus
Baujoer 1785
Koordinaten 49° 49’ 41.2’’ N
      05° 45’ 46.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Wolwen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

D'Patréiner vun der Kierch sinn d'Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt. Niewepatréinesch ass d'Mater Dolorosa, déi op Passiounssonnden gefeiert gëtt. Kiermes ass all Joer op Päischtsonnden.

Se steet an der Kierchestrooss (rue de l'Église).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1330 gouf an engem Dokument eng Péitrus a Paulus-Kierch zu Wolwen ernimmt, déi deemools op där Plaz stoung wou haut nach d'Wolwener Klaus steet. 1783 gouf di al Kierch awer ofgerappt an eng nei am Duerfkär gebaut. Dës Kierch ass iwwer eng länger Period gebaut ginn, sou war d'Kiercheschëff 1785 fäerdeg, den Tuerm gouf vun den Awunner vum Duerf selwer awer eréischt 1876 gebaut.

Den Héichaltor aus Eechenholz vun de Bridder Welter vu Gilsdref gouf 1917 geweit. Uewen um Altor steet eng Muttergottesstatu déi nach aus der aler Kierch staamt an op d'17. Joerhonnert bis Ufank 18. Joerhonnert datéiert gëtt.

1963 goufe sechs vun den zéng Kierchefënstere mat neie vum Kënschtler Mett Hoffmann vu Bungeref ersat.

Billergallerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Wolwen – Biller, Videoen oder Audiodateien