Kierch Keespelt

Vu Wikipedia
Kierch vu Keespelt

Uertschaft / Plaz Keespelt
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Wendelin
Konsekratioun 1864
Architekt(en) Th. Eberhard
Koordinaten 49° 41’ 37.9’’ N
      06° 04’ 07.3’’ O
6° 04′ 07,3″ E
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Keespelt ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Kielen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Wendelin, deem säi Fest den 20. Oktober gefeiert gëtt.

Si steet op der Kielener Strooss, dem CR102, bei der Kräizung mat der Meespelter Strooss. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Keespelt gehéiert ausser der Parkierch vu Keespelt och nach d'Kapell um Märjendaller Haff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Keespelt war bis 1738 eng Filial vu Schéimerech a bis 1851 eng Filial vu Kielen. Von do u war et eng eegestänneg Par.

Déi éischt Kapell zu Keespelt ass 1738 geweit ginn. No 1843, nodeem déi nei Kierch gebaut gouf, ass se zu enger Schoul ëmgebaut ginn, déi 1954 ofgerappt gouf.

Déi haiteg Kierch ass 1843 gebaut an 1864 ageweit ginn. Den Architekt Théodore Eberhard huet d'Pläng dofir gemaach. 1859 ass se ëmgebaut ginn, woubäi se hiren Tuermopsaz krut.

1992 ass d'Kierch renovéiert ginn.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

1905 ass eng Uergel vun der Firma Müller vu Reifferscheid agebaut ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Keespelt – Biller, Videoen oder Audiodateien