Kirby

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Kirby (Japanesch: カービィ Kābi) ass e Videospillcharakter vun Nintendo. Seng Spiller goufe vun HAL Laboratories gemaach.

Hie gläicht engem Ball an en huet déi besonnesch Fähegkeet seng Géigner eranzesuckelen an dann hir Fähegkeeten ze kopéieren. Wann hie kräfteg no Loft schnaapt, kann e fléien. Hie lieft an "Dream Land" um Planéit "Popstar", dee vum selwerernannte Kinnek "Dedede" regéiert gëtt. Säi Rival ass de béisen "Nightmare", deen a senger Fabréck Dausende vu Monstere produzéiert. De Kirby huet e "Warp-Stär", mat deem hien iwwerall hi fléie kann.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

De Kirby ass vum Masahiro Sakurai erfonnt ginn. Eigentlech war hien am Ufank nëmmen e Ramplassang, awer d'Entwéckler haten hien esou gär datt en dach bliwwen ass. Deemols huet e nach "Popopo" geheescht, en ass awer ëmbenannt ginn, an zwar Kirby. Sträit haten de Masahiro Sakurai an den Shigeru Myamoto (Erfinder vu Mario) wéinst der Faarf vum Kirby: De Masahiro Sakurai wollt rosa, de Shigeru Myamoto awer léiwer giel. Zum Schluss huet sech rosa duerchgesat.

[änneren] Spillprinzip

An de meeschte Kirbyspiller geet et dorëms, ze sprangen, d'Géigner eranzesuckelen an op anerer ze späizen, oder deenen hir Fähegkeeten ze kopéieren.

[änneren] Anime

Et gëtt och en Anime iwwer de Kirby mam Numm "Kirby: Right Back at Ya!" wat souvill heescht wei "De Kirby kennt zréck bei dech". Den Original aus Japan heescht "Hoshi no Kaabi", op jap. 星のカービィ (Kirby vun de Stären). Den Anime huet 100 Folgen. Et gouf och eng Demo vum Anime op DVD erausbruet, déi eigentlech net grad vill mam Anime ze dinn huet.

[änneren] Kirby Spiller

Titel Joer Format
Kirby's Dream Land 1992 Game Boy
Kirby's Dream Land 2 1995 Game Boy
Kirby's Pinball Land Game Boy
  • Kirby's Block Ball (Game Boy)
  • Kirby's Star Stacker (Game Boy)
  • Kirby's Tilt 'n' Tumble (Game Boy Color)
  • Kirby's Adventure (Nintendo Entertainment System)
  • Kirby's Fun Pak (Super Nintendo Entertainment System, ass an den USA erauskomm als Kirby Super Star)
  • Kirby's Ghost Trap (Super Nintendo Entertainment System, an den USA erauskomm als Kirby's Avalanche)
  • Kirby's Dream Course (Super Nintendo Entertainment System)
  • Kirby's Dream Land 3 (Super Nintendo Entertainment System, net an Europa erauskomm)
  • Kirby 64: The Crystal Shards (Nintendo 64)
  • Kirby Air Ride (GameCube)
  • Kirby: Schatten bedrohen Traumland (Game Boy Advance, Remake vum Kirby's Adventure)
  • Kirby und die wundersame Spiegelwelt (Game Boy Advance)
  • BS Kirby no Omotya Bako Baseball (Super Nintendo Entertainment System, nëmmen a Japan erauskomm)
  • Kirby No Kira Kizzu (Super Nintendo Entertainment System, och bekannt als Super Star Stacker, nemmen a Japan erauskomm)
  • Kirby Power-Malpinsel (Nintendo DS, an den USA erauskomm als Kirby's Canvas Curse)
  • Kirby Mouse Attack (Nintendo DS, ass de 4. Dezember 2006 an den USA als Kirby Squeak Squad erauskomm)

[änneren] Dem Kirby seng Fähegkeeten

  • Präbbeli-Kirby. Wann de Kirby e Géigner mat engem Präbbeli erasaugt, da kritt hien och een a ka sech esou vun Attaquen, déi vun uewen kommen, schützen an e kann och domadder zouschloen. Ausserdeem ass et e gudde Fallschirm.
  • Feierballkirby. Hie kann elo als Feierball ronderëm rasen. Getraffe Géigner fale K.O. op de Buedem.
  • Feierkirby. Hie ka Feier späizen a kann esou seng Géigner verbrennen.
  • Boomerang-Kirby oder Cutterkirby. Hie geheit mat engem messerschaarfe Boomerang em sech, dee seng Géigner an zwee schneit.
  • Steng-Kirby. De Kirby verwandelt sech an e Steen a mécht seng Géigner platt.
  • Igel-Kirby. De Kirby kritt iwwerall op sengem Kierper Stachelen, mat deenen hie sech seng Géigner vum Leif schaaft.
  • Elektro-Kirby oder Sparkkirby. Et komme Fonken aus dem Kirby, déi d'Géigner elektriséieren.
  • Tornado-Kirby. De Kirby dréint sech ganz séier, wéi en Tornado, ronderëm a schléit esou seng Géigner.
  • Äis-Kirby. De Kirby späitzt Äis. Seng Géigner erfréieren a ginn zu engem Äisblock, deen de Kirby dann op aner Géigner schéisse kann.
  • Schlofende Kirby. Dës Fähegkeet ass net nëtzlech. De Kirby schléift vir puer Sekonnen an a hie ka sech dann net géint d'Géigner wieren.
  • Beam-Kirby. De Kirby elekriséiert seng Géigner mat enger Elektro-Gäissel.
  • Ball-Kirby. Hie verwandelt sech an e Ball. Zwar kann een en elo nëmme schwéier steieren, mä duerfir ass et eng ganz effektiv Attaque.
  • Engel Kirby. Hie kritt Flilleken an en Hellegeschäin. Hie kann elo mat Feiler op d'Géigner schéissen.
  • Bomb-Kirby. Hie geheit mat Bommen op d'Géigner.
  • Kach-Kirby. Hie kritt eng Toque an eng Paan. Hie lackelt seng Géigner un an déi ginn da gekacht. Dann verwandelen se sech an Iessen. Iessen gëtt dem Kirby Kraaftpunkten bäi.
  • Explodéierende Kirby. De Kirby explodéiert an all Géigner, déi bei him sinn, verschwannen.
  • Kampf-Kirby. De Kirby schléit seng Géigner mat flénke Karate-Techniken.
  • Wurf-Kirby. De Kirby geheit seng Géigner mat ganzer Kraaft géint anerer.
  • Sprang-Kirby. De Kirby spréngt ganz héich. Geigner déi fléien, kënnen esou liicht ausgeschalt ginn.
  • Hummer-Kirby. De Kirby schléit seng Géigner mat engem Hummer platt.
  • Laser Kirby. De Kirby schéisst mat engem Laser op seng Géigner.
  • UFO-Kirby. Den Kirby gesäit elo aus ewéi en Ufo a ka seng Géigner mat technologeschen Attaquë lassginn.
  • Singstar oder Mike-Kirby. Hie jäitzt esou haart an de Mikro, datt all Géigner, déi bei him sinn, ausgeschalt ginn.
  • Mini-Kirby. De Kirby ass elo ganz kleng a kann duerch enk Passagen passéiren.
  • Rakéit-Kirby oder Missile-Kirby. De Kirby schéisst als Rakéit op seng Géigner.
  • Schwäert-Kirby. De Kirby ass elo e Schwäertkämpfer.
  • Winged-Kirby. De Kirby kritt Fiederen an kann elo méi séier fléien.
  • Rad-Kirby. De Kirby raast als Rad a seng Géigner.
  • Galaxia-Kirby. Déi stäerkst Form. De Kirby huet dem Meta Knight säi Schwäert an ass elo superstaark.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen