Knippchen (Schockela)

Vu Wikipedia
Knippercher

Eng Knippchen ass e Maifelchen aus Schockela, dee wéinst verschidde Fëllungen ënnerschiddlech Goûte kann hunn: Praliné (op Basis vu gemuelen Nëss oder Mandelen, Zocker a Kakao), Marzipan, Ganache, oder soss crèmege séisse Substanzen, Likör, asw.

Zu Lëtzebuerg sinn déi belsch Knippercher am geleefegsten. Verschidde grouss Produzente vun do hunn och Succursalen zu Lëtzebuerg; ma och heemesch Confiserie-Betriber produzéieren der.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Knippercher – Biller, Videoen oder Audiodateien