Konter a Matt

Vu Wikipedia
Tromp Äss, Matt an Konteren

Konter a Matt oder Konter a Midd ass e Kaartespill, dat zu véier gespillt gëtt. D'Spiller sinn an zwou Ekippen opgedeelt. D'Spiller vun enger Equipe sëtze sech géinteniwwer.

24 Kaarte gi gebraucht: véier Faarwe mat Äss (A), Kinnek (K), Damm (D), Bauer (B), Zaang (10) an Néngtchen oder Naang (9).

De Wäert vun de Kaarten, de Schrom, ass deen hei: Äss 4, Kinnek 3, Damm 2, Bauer 1 an 10 an 9 näischt.

Fir eng Partie ze gewannen, muss eng Ekipp wéinstens 21 Schrom zesummen hunn. Wann déi zwou Ekippen 20 Schrom hunn, dann ass d'Partie ee Stänner, och Rampo genannt.

Am Ufank vun der Partie gëtt déi Faarf festgeluecht, déi fir déi Partie Tromp ass. Do donieft sinn nach dräi Kaarten ëmmer Tromp: Schëppen Damm ( D), Häerzer Damm ( D) a Rauten Damm ( D).

Dohier kënnt och den Numm vum Spill: Häerzer Damm ( D) a Rauten Damm ( D) sinn déi zwou Konteren a Schëppen Damm ( D) ass d'Matt oder d'Meedchen.

Dat heescht, datt ofhängeg vun der Faarf, déi Tromp ass, et aacht oder néng Trëmp am Spill gëtt (vun uewen no ënnen, d'Punkten, déi se wäert sinn, änneren net):

1) :   A, D, D, D, K, B, 10, 9

2) :   A, D, D, D, K, B, 10, 9

3) :   A, D, D, D, K, B, 10, 9

4) :   A, D, D, D, K, D, B, 10, 9

Et muss ee bekennen oder trompen: Dat heescht, wann een eng Kaart vun der Faarf huet, déi ausgespillt gouf, muss ee se spillen („bekennen“)– oder eng Tromp-Kaart spillen - „trompen“. Wann ee keng Kaart vun der Faarf huet, déi ausgespillt gouf, da kann ee spillen, wat ee wëll.

Wa keng Tromp gespillt gëtt, kritt deen de Streech, deen déi héchst Kaart gespillt huet vun der Faarf, déi ausgespillt ginn ass (vun uewen no ënnen): A, K, D, B, 10 an 9.

Deen, deen de Streech kritt, leet d'Kaarten op ee Koup a passt op, datt e se net mëscht. Heiansdo muss een nokucken, wie wat gespillt huet, fir zum Beispill ze kontrolléieren op d'Reegel bekennen oder trompen agehale gouf.

Wann een all Streech vun engem Spill kritt, dann huet een en Duerchmarsch.

Bewäerte vun de Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Partie gëtt méi wéi ee Spill gespillt; u sech ass de Minimum dräi.

Wann eng nei Partie ufänkt, moolt deen, deen zielt, sech follgend Bildchen:

D'Partie ass gewonnen, wann d'Strécher all ausgemaach sinn. D'Konventioun wëllt, datt déi eegen Ekipp ëmmer ënnen ass. Et kann ee selwer Tromp gemaach hunn – a verléieren. Dann zielt ee Spill anescht, wann eppes gesot ginn ass: Bei Konter oder Matt zielt et duebel a bei Konter a Matt dat dräifacht.

Ee Kapo ass wann ee verléiert ouni een eenzege Streech ze kréien. Wann de Match géint déi gewonne ginn ass, déi Tromp gemaach hunn, gi sou vill Strécher ugemaach wéi der ausgemaach ginn. Wann déi Aner kee Streech kritt hunn, gëtt et ee méi aus – an eventuell ee méi un.

Also:

  • (A) verluer
  • (B) verluer, mee eis Ekipp huet Tromp gemaach
  • (C) verluer a Konter oder Matt ware gesot ginn
  • (D) verluer a Konter oder Matt ware gesot ginn an eis Ekipp huet Tromp gemaach
  • etc.

  • (A) verluer: een aus
  • (B) verluer, mee eis Ekipp huet Tromp gemaach: also een aus, een un
  • (C) verluer a Konter oder Matt ware gesot ginn: zwee aus
  • (D) verluer a Konter oder Matt ware gesot ginn an eis Ekipp huet Tromp gemaach: zwee aus, zwee un
  • verluer a Konter a Matt ware gesot ginn: dräi aus
  • verluer a Konter a Matt ware gesot ginn an eis Ekipp huet Tromp gemaach: dräi aus, dräi un
  • Beim Kapo besteet d'Méiglechkeet datt déi Ekipp, déi gewonnen huet, e Stréch weider ausmécht oder déi aner ee Stréch dobäi kritt.
  • Bei engem Stänner gi keng Strécher ausgemaach, mee déi Ekipp, déi Tromp gemaach huet, kritt ee Stréch dobäi.

Wéi verleeft eng Partie?[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekippe gi festgeluecht an d'Leit sëtze sech richteg no der Ekipp, an där se sinn, géinteniwwer.

Deen, deen ausdeelt, stéckelt d'Kaarten. Dee riets vun him hieft of. Dee lénks vun him kritt dräi Kaarten a mécht domat Tromp. Deen, deen ausdeelt, waart, bis d'Tromp gemaach ass, dann deelt e virun aus, ëmmer dräi Kaarten. Jiddweree kritt zweemol dräi Kaarten.

Iert déi éischt Kaart gespillt ass, ka jiddwer Spiller eng Annonce maachen (muss en awer net): Konter, Matt oder Konter a Matt. Wann déi éischt Kaart bis gespillt ass, ass et ze spéit. Fir Konter ze soe muss een D a D selwer op der Hand hunn, Matt bedeit, datt ee D huet, Konter a Matt heescht, datt ee se allen dräi huet: D, D a D. Dat seet een nëmmen, wann ee sech reell Chancen ausrechent fir ze gewannen.

Beim nächste Spill deelt deen aus, dee virdrun Tromp gemaach huet.

Wann een eng Partie verluer huet, freet een eng Revanche. Da ginn d'Ekippen net geännert. Dat ass normal a geschitt vläicht zwee- bis dräimol. Da wiesselen d'Ekippen an och d'Plazen.

Wat geschitt no engem Feeler/Fuddelversuch?[änneren | Quelltext änneren]

Soubal ee vun de véier Spiller op ee Feeler opmierksam mécht, gëllt déi gespillt Ronn als verluer, wéi se an deem Ament ass.

All Ausruff vu Matt, Konter oder Konter a Matt gëtt ugerechent. Doriwwer eraus gëtt och e Kapo ugerechent, sollt d'Verléierekipp bis zum Zäitpunkt vum Feelerausruff nach kee Stréch hunn.

Strategie[änneren | Quelltext änneren]

D'Strategie vum Spill ass schwéier z'erklären.

Wann d'Trëmp gläich verdeelt sinn, kann een d'Tromp zweemol ausspillen. Dann ass keng méi am Spill (ausser bei ). Da sinn d'Ässer Meeschter.

Ee gudde Spiller weess ëmmer:

  • Wéi vill Trëmp nach am Spill sinn.
  • Wat fir eng Kaarten nach am Spill sinn.
  • Wéi vill Punkten all Ekipp schonn huet – a wat nach dran ass.

Turnéier[änneren | Quelltext änneren]

Méindes gëtt um Volleksfest „Al Dikkrich“ en Turnéier ausgedroen. 2020 an 2021 war „Al Dikkrich“ wéinst der Coronapandemie ausgefall.

Joer Ekippen Gewënner Finalisten
2014 Tom Braquet - Ralph Braquet Steve Schmitz - Jos Hamen
2015 Martine Krack - René Krack Jang Heinen - Frank Antony
2016
2017 70 Sven Ramponi - Luc Wangen Jim Paulus - Patrick Sohns
2018 Fernand Thiel - Alain Meyer Wiseler-Hermes
2019 72 Metti Bourg - Val Lefèbre Jang Heinen - Frank Antony
2020 / / /
2021 / / /
2022 72 Christian Petry - Marcel Zeimes Rom Steffen - Jean-Paul Schroeder
2023 93 Alain Foxius - Mathis Foxius Ralf Greis - Luca Rotili