Kopfhörer

Vu Wikipedia
E Meedche mat sougenannte Muschelkopfhörer

Kopfhörer si kleng Lautsprecher, déi entweeder iwwer e Bigel op d'Ouere gedréckt ginn oder direkt an d'Ouere gestach ginn, a mat denen Téin oder Geschwatenes direkt un d'Oueren iwwerdroe ginn. Et handelt sech also ëm en elektroneschen Audioapparat, dee mat engem aneren elektroneschen Apparat verbonnen ass, wéi zum Beispill engem PC, engem Smartphone, oder engem MP3-Player. Entweeder sinn d'Kopfhörer iwwer e Kabel direkt un den aneren Apparat ugeschloss, oder si sinn iwwer Bluetooth kabellos matenee verbonnen.

Et gi verschidden Zorte Kopfhörer:

  • Déi klassesch Muschelkopfhörer si méi grouss a setze fest op den Oueren. Entweeder si bedecken d'Oueren, mä ëmschléisse si net ganz ("supra-aural" oder "on ear"), oder d'Kopfhörermuschel ëmschléisst d'Ouer komplett ("circumaural" oder "over ear"). Si sinn da generell méi grouss a schwéier, a kënnen och extern Geräischer reduzéieren.
  • Donieft ginn et och kleng Kopfhörer, déi direkt an d'Ouermuschel gesat ginn, mee net an de baussechten Ouerkanal era ginn ("earphones" oder "earbuds"). Déi Aart Kopfhörer si portabel a praktesch, mee isoléieren net géint extern Geräischer. Doduerch entsteet de Risiko, datt d'Benotzer d'Lautstäerkt geféierlech eropdréine fir d'Hannergrondgeräischer ze iwwerspillen.
  • Eng änlech Zort kleng Kopfhörer gëtt an de baussechte Gehörkanal selwer agesat ("in-ear headphones"), wouduerch d'Hannergrondgeräischer méi staark ausgeblent ginn.
  • En Headset ass eng Kombinatioun aus Kopfhörer a Mikro, deen et erlaabt fräihänneg ze lauschteren an ze schwätzen.

Ze laangt Benotzen vu Kopfhörer bei enger héijer Lautstäerkt ka schiedlech fir d'Gehéier sinn.[1][2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Headphones – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. bellevue.nzz.ch: Ab wann sind Kopfhörer schädlich für das Gehör? (2. September 2020)
  2. aertzteblatt.de: Kopfhörer können zu Hörschäden beitragen (23. Abrëll 2019)