Kriibs (Krankheet)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kriibserkrankung)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Krankheet Kriibs. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kriibs.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Computertomographie vun engem mënschleche Kierper, dee vu Kriibs befall ass. De Kriibs, e béisaartegen Tumor (Mesotheliom), ass giel markéiert. Op dem Bild gesäit een och d'Longen (1 & 3), de Réckstrank (2), d'Rëpper (4), d'Aorta (5), d'Mëlz (6), d'Nieren (7 & 8) an d'Liewer (9).

Kriibs ass den Numm vun enger Rei Krankheeten, déi sech duerch den onkontrolléierte Wuesstem vun Zellen auszeechnen an déi d'Potential hunn, sech an aneren Deeler vum Kierper ze verbreeden. Et gëtt iwwer honnert verschidden Zorte Kriibs, déi de Mënsch kënne befalen. Och Déiere kënne Kriibs kréien.[1]

Diagnostik a Symptomatik[änneren | Quelltext änneren]

Net all Tumor ass béisaarteg. Déi guttaarteg Tumore breede sech net am Kierper aus: Si bilde keng Metastasen a wuessen nëmmen op där Plaz, op där si entstane sinn. Trotzdeem kënne si sech am schlechtste Fall och zu béisaartegen Tumeure weiderentwéckelen oder si kënnen esou grouss ginn, datt si Péng verursaachen oder d'Organer ronderëm beanträchtegen.[2]

Zu den Unzeechen a Symptomer vum Kriibs zielen ënner anerem d'Optriede vun enger kriibsaarteger Mass, anormal Bluddungen, Houscht, deen net fortgeet, onerklärleche Gewiichtsverloscht oder Verännerungen an der Tätegkeet vum Daarm. Déi Symptomer kënnen op Kriibs hindeiten, awer och opgrond vun anere Krankheeten optrieden.[3]

D'Onkologie ass d'Fachgebitt an der Medezin, dat sech mam Studium, dem Traitement, der Diagnos an der Preventioun vum Kriibs beschäftegt.

Ursaachen a Preventioun[änneren | Quelltext änneren]

Hautkriibs (béisaartege Melanom).

De Konsum vun Tubak ass eng Haaptursaach vun de vermeidbare Kriibserkrankungen. An Däitschland ginn 19 % vun de Kriibserkrankungen dem Fëmmen zougeschriwwen. Aner wichteg Facteure sinn Iwwergewiicht, schlecht Ernierung, Beweegungsmangel an Alkoholkonsum.[4],[5] Donieft kënnen och bestëmmt Infektiounen, d'Expositioun géigeniwwer vun ioniséierender Stralung a schiedlech Ëmweltstoffer Kriibs ausléisen. 2018 goufe weltwäit 13 % vun de Kriibserkrankungen Infektiounen zougeschriwwen, dorënner Infektioune mat Hepatitt B, Hepatitt C an den Humane Papillomvirussen (HPV). Tëscht 5 % an 10 % vun de Kriibserkrankunge entsti wéinst verierfte Gendefekter.[6]

D'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt tëscht 30 % a 50 % vun alle Kriibserkrankunge prevenéiert kënne ginn, andeems Risikofacteuren evitéiert ginn.[5] Zu de Preventiounsmesure gehéieren d'Oppassen op dat ideaalt Kierpergewiicht, de Konsum vu vill Geméis, Uebst a Vollkarproduiten, d'Impfung géint bestëmmt Infektiounskrankheeten, d'Limitatioun vum Konsum vu verschafftem roude Fleesch an Alkohol, d'Ophale mat Fëmmen an d'Evitéiere vun ze staarker Sonnenastralung.[7]

Kriibs kann duerch bestëmmt Unzeechen a Symptomer oder duerch fréi Untersuchungen erkannt ginn. E gëtt dann an der Reegel mat Hëllef vun der Imagerie médicale a Laboratoirestester ënnersicht an duerch eng Biopsie bestätegt.[8] Vill Kriibsaarte loosse sech duerch Fréierkennungsuntersuchunge verhënneren. Kriibs gëtt dacks mat enger Kombinatioun aus Stralentherapie, Operatioun, Chemotherapie a geziilter Kriibstherapie behandelt. Den Traitement vu Péng a Symptomer ass eng wichteg Komponent vun der Behandlung. Palliativmedezin ass besonnesch wichteg fir Patiente mat fortgeschratte Kriibserkrankungen.

Statistik[änneren | Quelltext änneren]

Eng Broschtkriibszell ënnert dem Mikroskop.

2012 gouf et weltwäit ronn 14,1 Milliounen nei registréiert Kriibsfäll, ouni den Hautkriibs, dee kee Melanoma ass, matzezielen.[9] D'Krankheet ass verantwortlech fir ongeféier 8,2 Milliounen Doudesfäll pro Joer. Déi heefegst Kriibsaarte beim Mënsch variéiere mat der Regioun. Bei de Männer waren et 2012 weltwäit de Longen- (16,7 %), Prostatt- (15 %), Daarm- (10 %), Mo- (8,5 %) a Liewerkriibs (7,5 %). Bei der Frae waren et Broscht- (25,2 %), Daarm- (9,2 %), Longen- (8,7 %), Gebärmutterhals- (7, 9%) a Mokriibs (4,8 %).[9] Bei de Kanner kommen akut lymphatesch Leukemie an akut Gehiertumoren am heefegsten vir, ausser an Afrika südlech vun der Sahara, wou Kanner méi dacks Non-Hodgkin-Lymphomer a Kaposi-Sarkomer entwéckelen, well si an där Regioun speziellen Infektiounskrankheeten ausgesat sinn.[10]

2012 gouf bei geschaten 165.000 Kanner ënner 15 Joer Kriibs diagnostizéiert.[9] De Kriibsrisiko klëmmt däitlech mam Alter. Vill Kriibsaarten trieden an den Industrielänner wéinst dem verännerte Liewensstil an dem méi héijen Alter méi dacks op.[11] De Kriibsrisiko ass an den Industrielänner méi héich wéi an den anere Länner.[12]

Zu Lëtzebuerger ginn all Joer ongeféier 3.000 nei Kriibserkrankungen diagnostizéiert. All Joer stierwe ronn 1.100 Leit am Land u Kriibs, wat ongeféier ee Véierel vun allen Doudesfäll representéiert. Bei de Männer ass Kriibs déi heefegst Doudesursaach, bei de Fraen déi zweetheefegst. 2023 gouf geschat, datt 18.000 Awunner vu Lëtzebuerg oder bal 3&nsbp;% vun der Bevëlkerung mat Kriibs gelieft hunn.[13]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kriibs (Krankheet) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tiere und Krebs - aus die Maus?, Den Ins!der, Fondation Cancer, N° 81 (Mäerz 2020)
  2. advigon.com: Unter­schied: Gutar­tiger Tumor & bösar­tiger Tumor - Es ist nicht immer gleich Krebs!
  3. nhs.uk: Signs and symptoms: Cancer Fact Sheet
  4. Zentrum für Krebsregisterdaten: Krebs gesamt (30. Dezember 2022)
  5. 5,0 5,1 Weltgesondheetsorganisatioun (WHO): Cancer (3. Februar 2022)
  6. Better Health Cahnnel: Cancer and heredity
  7. D. M. Parkin, L. Boyd, L. C. Walker: The fraction of cancer attributable to lifestyle and environmental factors in the UK in 2010; British Journal of Cancer; 6. Dezember 2011; 105 (Suppl 2): S77–S81.
  8. Stanford Medicine Healthcare: How Is Cancer Diagnosed?
  9. 9,0 9,1 9,2 WHO: World Cancer Report 2014, Säit 16-17
  10. World Cancer Report 2014, Säit 70
  11. World Cancer Report 2014, Säit 20
  12. World Cancer Report 2014, Säit 55
  13. Lëtzebuerger Gesondheetsministère (MSAN): Le Luxembourg lance un sondage national des personnes atteintes du cancer dans le but d'améliorer la qualité des soins (11. Januar 2023)