Lëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Lëscht vun de lëtzebuergesche Sprachwierder)
Hei ginn e puer lëtzebuergesch Spréchwierder an alphabetescher Reiefolleg opgezielt:
A
[änneren | Quelltext änneren]- Wien A seet, muss och B soen.
- Wann d'Aarbecht ee räich méich, da wier den Iesel méi räich wéi de Mëller.
- Vun der Aarbecht gëtt kee fett.
- Dat Aalt dauert am längsten.
- Besser e midden Aarm, wéi een eidelen Daarm.
- Aarm sinn ass keng Schan.
- D'Aarmut ass e Sträitmécher.
- Hien huet mech net emol mam Aasch bekuckt (hien huet mech total ignoréiert).
- Adam an Éiv waren déi zwéin éischt Äppeldéif.
- Aus den Aen, aus dem Sënn.
- Véier Ae gesi méi wéi zwee.
- D'Aen op oder de Beidel.
- Wat een net ännere kann, soll ee roueg erdroen.
- Näischt gesot ass och eng Äntwert.
- Een Af mécht der honnert.
- Engem Af geet alles gutt.
- Ech ginn der gläich en Akkont! (du kriss gläich Streech!).
- Léier keen alen Af Grimasse maachen.
- Al Eisen, ale Goss, al Fraen, ale Verdross.
- En ale Kniecht an eng jonk Mod gëtt gär e grousse Stot.
- Bei den Alen ass ee gutt gehalen.
- Alles leeft, nëmmen de Fräsch deen hopst.
- Den Alter geet vir (sot den Eilespill, dunn huet e seng Mamm d'Trap eragestouss).
- An Amen a Jo war d'Affär gedoen (d'Affär war ganz séier gedoen).
- Sécher wéi den Amen am Gebiet.
- Den Apel fält net wäit vum Bam, e misst just de Bierg erofrullen.
- Et soll ee sech ëmmer een Apel fir den Duuscht versuergen.
- Den Appetit kënnt iwwer dem Iessen.
- D'Ausriede si fir ze gebrauchen.
B
[änneren | Quelltext änneren]- Bal ass nach keng Maus an der Fal.
- Besser den Aascht fält wéi de Bam.
- En ale Bam verplanzt een net (en ale Mënsch soll een do liewe loossen, wou e gewinnt ass).
- Déi dommst Baueren hunn déi déckst Gromperen (och domm Leit kënne Chance hunn).
- Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net.
- E Bauer, e Béier an e Stéier, dat sinn dräi ongemälleg Déier.
- Et ass dofir gesuergt, datt d'Beem net an den Himmel wuessen.
- Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn.
- Wéi e beicht, sou gëtt ee lassgesprach.
- Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et erëm.
- Dat bescht kënnt hannenno.
- Besser ass besser, sot d'Fra, do huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.
- Besser eng Kuuscht an der Täsch, wéi eng Fieder um Hutt.
- Besser spéit eppes, wéi fréi näischt.
- Besser spéit, wéi guer net.
- D'Bestueden ass eng Lotterie.
- Wéi ee säi Bett mécht, sou schléift een.
- Et ass besser biedelen, wéi stielen.
- Hanner dem Bierg sinn och Leit.
- En neie Biesem kiert besser.
- Och eng blann Sau kann eng Eechel fannen.
- Et ass nach laang net alles Gold, wat blénkt.
- Et heescht keng Kou Blimmchen, dees se hief eng wäiss Strimmchen.
- Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee.
- Du bass net hei, fir brong ze ginn! (seet een zu engem, deen net effikass schafft).
- Deen nervt mech, ech kéint en ongespëtzt an de Buedem schloen! (deen nervt mech, ech géif en am léifste gutt zerschloen).
C
[änneren | Quelltext änneren]- Grénge Chrëschtdag, wäissen Ouschterdag.
- D'Chance geet dem Soff no.
- Du hues méi Chance ewéi Verstand (wat der geléngt, ass méi duerch Zoufall ewéi duerch Iwwerleeën).
D
[änneren | Quelltext änneren]- Schéck een Dabo an de Bësch, da kriss de een Eefalt erëm.
- Muer ass och nach een Dag.
- Wat den Dag méi helleg, wat der Däiwel méi rosen.
- Et gëtt näischt sou reng gestiicht, t'kënnt dach un Dagesliicht.
- Wou Damp ass, do ass och Feier.
- Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi do sinn.
- Engem Dawen ass gutt priedegen.
- Et muss ee sech der Decke no strecken (et muss een eens gi mat deem, wat een huet).
- All Déierche säi Pleséierchen.
- Dee klengen Déif hänkt een, de grousse léisst ee lafen.
- Een Däiwel dreift deen aneren.
- Wann der Däiwel hongereg ass, da frësst e Fléi.
- Ee Mënsch ass deem aneren säin Däiwel.
- Et soll een den Däiwel net un d'Wand molen.
- Wann ee vum Däiwel schwätzt, dann ass e schonn do.
- Dee Kärel huet der Däiwel an der Panz! (dee Kärel ass duerchdriwwen).
- All Dëppe fënnt säin Deckel (jiddweree fënnt iergendwann de Partner, dee bei e passt)
- Wat ënner den Dësch fält, ass fir d'Mod.
- Hien ass um Dill, éier der Däiwel Schong an Huesen unhuet (hien ass mueres ganz fréi aktiv).
- Géint d'Dommheet ass kee Kraut gewuess.
- Ëmsoss ass der Doud an dee kascht d'Liewen! (et kritt een näischt fir näischt)
- Géint der Doud ass kee Kraut gewuess.
- Aarm a räich, der Doud mécht alles gläich.
- Ech hu vun der Doud an der Däiwel näischt verstanen (ech hunn absolut näischt verstanen).
- Deem enge säin Doud, deem anere säi Brout! (wat enger Persoun schuet, notzt enger anerer).
- Den Dreck leeft bis en zesummekënnt.
- Wat een am Dreck méi réiert, wat et méi sténkt.
- Wann den Dreck Mëscht gëtt, da gëtt e gär gefouert (arrogant ginn).
- Dreck schauert de Mo! (seet een zu engem, deem eppes beim Iessen net propper genuch ass).
- Hie steet do ewéi d'Kand beim Dreck (hie weess net, wat e soll soen oder maachen).
- Dräimol ass gëttlech, véiermol ass spëttlech.
- Wat ee méi drénkt, wat ee méi duuschtereg gëtt.
- Fir d'Duechter ze kréien, muss een d'Mamm freien.
E
[änneren | Quelltext änneren]- Ëmgekéiert ass och gefuer.
- Et reent ewéi mat Eemeren (geschott) (et reent ganz vill).
- Eemol ass keemol.
- Egal ass an déi eng Hand geschass an an déi aner geklappt.
- Endlech ass net éiweg.
- Alles huet en Enn, nëmmen d'Wurscht huet der zwee.
- Et ass éischter gesot wéi gedoen (gemaach)! (dat léisst sech net einfach maachen)
F
[änneren | Quelltext änneren]- Vum Faaschte krepéieren d'Honn.
- Vum Fale léieren d'Kanner goen.
- Dat huet mäi klenge Fanger mer gesot (ech verroden net, wie mer dat gesot huet).
- D'Fauscht an der Täsch maachen.
- Et passt wéi d'Fauscht op d'A.
- Wie mat Feier ëmgeet, verbrennt sech.
- Wou Feier ass, do ass och Damp.
- Wou et dämpt, do ass Feier.
- Et muss een e klenge Fësch an d'Waasser werfen, fir een décken ze fänken.
- Elo kréien déi kleng Fësch och Waasser (elo kommen déi onwichteg Persounen och zum Zoch).
- Et ass nach kee Fëscher mat dräi Häre begruewe ginn.
- D'Fëscher an d'Jeeër schwätzen eng Sprooch.
- D'Fëscher an d'Jeeër si Plättelefeeër.
- Un de Fiederen erkennt een d'Vullen.
- Hal direkt op, soss flaamt et! (hal direkt op, soss ginn ech rosen!).
- Et ass méi liicht e Sak Fléi ze hidde wéi e verléift Framënsch.
- Flott gelieft a séileg gestuerwen, dat ass dem Däiwel d'Rechnung verduerwen.
- Eng uerg Fra ass een Zonk ëm d'Haus.
- Wie seng Fra gär huet, léisst se doheem.
- Wou d'Fra d'Box unhuet, wéckelt de Mann d'Kanner.
- Wien Ongléck huet mat de Fraen a Gléck mat de Päerd, gëtt e räiche Mann.
- E Fraleitshoer zitt méi wéi e Klackeseel.
- Fréi opstoe mécht den Dag laang.
- Dee vill freet gëtt vill gewuer.
- Friet dech emol (un de Kapp)! (bass du geckeg?).
- All Fro ass eng Äntwert wäert.
- Mat Froe vermécht een näischt.
- E laange Fuedem, eng faul Néiesch.
- Hien huet e Fuerz am Kapp (hien ass arrogant).
- E schlechte Fuuss deen nëmmen ee Lach huet.
- De Fuuss verléiert de Pelz, awer d'Naupen ni.
G
[änneren | Quelltext änneren]- Hie gaapst ewéi e Klouschteriesel! (hie mécht de Mond ganz grouss op, wann e gaapst).
- No dräi Deeg gëtt de Gaascht deene meeschte Leit zur Laascht.
- Déi ongeluede Gäscht setzt ee virun d'Dier.
- Engem geschenkte Gaul kuckt een net an d'Maul.
- Laang gebuergt ass net geschenkt.
- Jiddwer Geck gefält seng Kap.
- Ee Geck mécht der honnert.
- Ee Geck ka méi Froe stelle wéi honnert Weiser beäntwere kënnen.
- Aus Geck gëtt dacks Eescht.
- En huet sech drugehalen ewéi de Geck un de Bengel (en huet sech ganz vill drugehalen)
- D'Kanner an d'Gecke soen d'Wourecht.
- Mat Force räisst een och eng Geess hannen erëm.
- Geet et da mam Geescht! (bass du da geckeg!).
- Deem enge gefält d'Mamm, deem aneren d'Duechter.
- Mat gaangen, mat gefaangen, mat gehaangen.
- Dee vill huet ass vill gehäit, deen näischt huet nach méi.
- Deemno Geld, deemno Wuer.
- D'Geld regéiert d'Welt.
- D'Geld gëtt een ewech, an den Eefalt behält een.
- A Geldsaachen héiert d'Gemittlechkeet op.
- D'Geleeënheet mécht den Déif.
- Gemälleg kënnt een och virun.
- Maach gemälleg, mir sinn net am Hee! (maach lues, et gëtt kee Grond, fir sech ze tommelen!).
- Geplot ass och gelieft.
- D'Gerechtegkeet huet eng Nues aus Wues.
- Besser schlecht geridde wéi houfreg gaangen.
- Et kënnt alles op d'Geschéck un.
- D'Geschier weist d'Aarbecht.
- Hien huet e Gesiicht ewéi e Paangech! (hien huet e grousst, ronnt Gesiicht).
- Et ass éischter gesot wéi gedoen.
- Dee gesond ass, soll net kloen.
- Zwee gesi méi wéi een.
- E gutt Gewëssen ass dat bescht (Kapp–)Këssen, an ee schlechte Verhalt och.
- Hien ass kee Giedlechen (hien ass kee gudde Mënsch).
- Ginn an erëm geholl ass gestuel.
- Et muss ee sech net ginn, soulaang nach Kniddelen am Dëppe sinn.
- De gudde Glaw mécht séileg (an de Speck mécht fett).
- Dat ass de Glanz! (dat ass genial!).
- D'Gléck geet dem Soff no (Leit, déi voll sinn, hunn dacks Gléck).
- Et ass net alles Gold wat blénkt an net alles Dreck wat sténkt.
- Et kann een net alles op d'Goldwo leeën.
- Hien héiert d'Gras wuessen an d'Fléi néitsen (him entgeet näischt).
- Hien huet sech gréng a giel geiergert (hien huet sech ganz vill geiergert).
- D'Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet.
H
[änneren | Quelltext änneren]- Wat een net hale kann, dat soll een och net verspriechen.
- Deen näischt vu sech hält, deen ass näischt.
- Eng Hand wäscht déi aner.
- Zéi mer eng Händsch aus! (ech kann der näischt ginn, wat ech selwer net hunn).
- Alles ass een Handwierk (an d'Fléifänken eng Geschwënnegkeet).
- Vill Hänn läsche vill Bränn (awer si sinn der Däiwel am Zoppekomp). (wann een zu vill ass, kann ee villes erreechen).
- Waarm Hänn, Léift ouni Enn.
- Kal Hänn, waarmt Häerz.
- Ech hu just zwou Hänn! (ech kann net alles gläichzäiteg maachen!).
- Déi kleng Spëtzbouwen hänkt een, déi grouss léisst ee lafen.
- Hätten an Haten, dat waren zwou aarmer Staten (Stied).
- Zwee haarder Steng muele seele reng.
- Keen Haus ouni Maus.
- D'Haus verléiert näischt! (wat een am Haus vertässelt huet, fënnt een enges Daags erëm).
- Eng fläisseg Hausfra ass déi bescht Spuerbéchs.
- Här ass Här a Max ass Max.
- Den Här priedegt nëmmen eemol.
- Wéi den Här sou d'Geschär.
- Et ka keen zwee Häre gläichzäiteg déngen.
- Déi déck Häre bäisse sech net.
- Kënns de net haut, da kënns de muer.
- Héieresoen ass hallef gelunn.
- Eiser Herrgott huet allerhand Kaschtgänger, awer keng déi näischt iessen.
- Et soll een eisem Herrgott net an d'Handwierk fuschen.
- Den Hieler ass sou gutt wéi de Stieler.
- Wat een net hiewe kann, dat soll ee leie loossen.
- Späert är Pëllen an, ech loosse meng Hinnercher lafen.
- Déi Fra huet Hoer op der Zong (dat ass eng béis Fra).
- Et muss een dat Bescht hoffen, dat Schlecht kënnt vum selwen.
- Hoffnung léisst liewen.
- Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt (En hätt en nawell kritt wann e kee Gras gerappt hätt fir den Hënneschten ofzebotzen).
- Wie frech ass ewéi en Hond, dee lieft ewéi en Här (déi frech Leit kréien ëmmer alles, wat se wëllen).
- Dee mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op.
- Et gëtt méi Kette wéi rosen Hënn.
- Hënn déi billen, bäissen net.
- Wien net um Hënner rutscht, deem bliedert en net.
- Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch.
- Honger ass dee beschte Kach (schmaacht et net, et ësst een et dach).
- Engem Hongregen ass gutt kachen.
- Bal, ass nach keen Hues an der Fal.
- Deen zwee Huesen zugläich noleeft, dee kritt keen.
- Deen et laang huet léisst et laang hänken.
- Deen näischt huet kann näischt verléieren.
- Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn.
- Wie vill huet, brauch méi.
- E gudden Hunn gëtt net fett.
- Dee wëllt Hunneg lecken, däerf d'Beien net fäerten.
- Besser den Hutt wéi de Kapp verluer.
- Beim Huwwele fale Spéin.
I
[änneren | Quelltext änneren]- Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d'Äis danzen.
- E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol.
- Als Iesel gebuer, als Iesel gestuerwen.
- Wien den Iesel spillt muss d'Säck droen.
- Du kanns den Iesel bei d'Waasser féieren awer saufe muss e selwer.
- Iessen an Drénken hält Läif a Séil zesummen.
- Wéi am Iessen, sou an der Aarbecht.
- Et geet näischt iwwer eng gutt Ausried.
J
[änneren | Quelltext änneren]- Bass du jaus? (bass du geckeg?).
- Hie läit nach am Jelli (Hie läit nach am Bett, well e gëschter ze vill gedronk huet).
- De Verstand kënnt mat de Joren (awer och déi gro Hoer).
- Et soll een net jäize bis ee geschloen ass.
- Jiddwerengem säint, dann huet der Däiwel näischt.
K
[änneren | Quelltext änneren]- Vill Käch verdierwen de Bräi.
- Wann d'Kallef am Pëtz läit, da kënnt den Deckel drop.
- Aus Kanner gi Leit.
- D'Kanner hunn d'Laachen an d'Kräischen an engem Sak.
- Wann een de Kanner dee klenge Fanger gëtt, da wëlle si d'ganz Hand.
- Kleng Kanner, klengt Leed, grouss Kanner, grousst Leed.
- Wéi een d'Kanner winnt, esou huet een se (et spiert ee selwer d'Konsequenze vun der Erzéiung, déi ee senge Kanner gëtt).
- Eng Kannerhand ass séier gefëllt.
- Déi Dommheet ass op seng Kap gaangen (fir déi Dommheet huet hie misse geruedstoen).
- Wat een net am Kapp huet, huet een an de Been.
- Et kann een net all Kapp ënner een Hutt bréngen.
- Wat näischt kascht, ass och näischt (gutt Saache kaschte vill Suen).
- Ech kafen dach keng Kaz am Sak! (ech loosse mech op näischt an, éier ech et iwwerpréift hunn).
- D'Kaze loossen d'mausen net.
- Wann d'Kaze fort sinn, da sinn d'Mais Meeschter.
- Kraache Kare fueren am längsten.
- Déi Keelt geet engem duerch Muerch a Schank (déi Keelt spiert een um ganze Kierper).
- Et ass net alles riicht wat bei de Keeser geet. Ext:, well seng Fra war kromm.
- Ech ginn, wuer de Keeser (Kinnek) zu Fouss geet (ech ginn op d'Toilette).
- Déi schwaarz Kéi ginn och wäiss Mëllech.
- Hien hat gëschter Owend de Kenki gediebelt (hien hat gëschter Owend ze vill Alkohol gedronk).
- Kënnt Zäit, kënnt Rot.
- Et gëtt méi Ketten ewéi rosen Honn! (et ass derfir gesuergt, datt d'Reegelen agehale ginn).
- Maach, datt d'Kierch am Duerf bleift.
- Jiddweree soll viru senger Dier kieren.
- Nei Kierchen an nei Wiertshaiser sti seelen eidel.
- Et ass net all Dag Kiermes.
- Wien op d'Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet! (wie vu senger Plaz opsteet, muss dermat rechnen, datt en anere sech drop setzt).
- Wann een net un d'Kiischte kënnt, seet ee se wiere sauer.
- Da gëtt ee gewuer, wat d'Pond Kiischte kaschten.
- Deen nëmmen eng Klack héiert, héiert nëmmen ee Schall.
- Et muss een déi zwou Klacken héieren! (et muss een déi zwou Meenunge betruechten).
- Wien héich klëmmt, fält déif erof.
- Deen huet nach Klibbersuen an der Täsch.
- Mat Knëppele fänkt ee keng Vullen.
- Hien huet e Knuet an der Leitung (hie versteet net direkt, wat gemengt ass).
- Komm eran, da kucks de eraus.
- Dat do ass grad de Kotteng! (dat do ass grad dat Richtegt!)
- Et gëtt ee sou al wéi eng Kou, et léiert een nach ëmmer dozou.
- Sou al gëtt keng Kou.
- Et heescht keng Kou Blimmchen, dees se hief eng wäiss Strimmchen.
- Wann der Däiwel d'Kou huet, da kann en d'Kallef och huelen.
- Deen huet vun der rosener Kou gefriess (deen ass granzeg).
- Dat geet op keng Kouhaut! (dat ass onverschimmt!)
- Kräisch net, éier s de geschloe bass! (reeg dech net op iwwer eppes, wat nach net geschitt ass!)
- Hie séngt, et ass, fir Kréienaen an d'Oueren ze kréien (hie séngt ganz falsch)
- Dee sech an de Krësch leet, gëtt vun de Schwäi gefriess.
- De Krou geet sou laang zum Buer bis e brécht.
- Deen an der Kutsch wëll fueren däerf d'Geld net spueren.
L
[änneren | Quelltext änneren]- Et huet een sou vill vum Laachen, wéi vum Kräischen.
- Wie fir d'lescht laacht, laacht am beschten.
- Wat laang dauert, gëtt gutt.
- Wien et laang huet, léisst et laang hänken! (wie vill Suen huet, weist et).
- Dat do ass mir esou laang ewéi breet! (dat do ass mir komplett egal).
- Lee dech era wéi s de bass, mäi Läpp ass och zerrass.
- De Läpp ass méi no wéi d'Hiem.
- Ech hunn einfach kee Leeër fonnt (ech hunn einfach keng gutt Positioun fonnt fir ze schlofen).
- De Papp an de Jong sinn iwwer ee Leescht gezu ginn (de Papp an de Jong hunn déi selwecht Eegenschaften).
- Iessen an drénken hält Leif a Séil zesummen (iessen an drénken hält Kierper a Geescht gesond).
- Wat een ewech léint, dat huet een net méi.
- Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit.
- Iessen an Drénken hält Leif a Séil zesummen.
- Et muss een d'Leit huele wéi se sinn.
- D'Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner.
- Et muss een net alles gleewen, wat d'Leit soen.
- Léiwer gro, wéi net méi do.
- De Leschten ass de Beschten.
- Aus aner Leit's Lieder ass gutt Rimme schneiden.
- Wien net liesen a schreiwe kann, ass nëmmen en hallwe Mann.
- Hien hëlt et vun de Liewegen! (hie léisst sech seng Wuer / Aarbecht deier bezuelen).
- Hien huet e Liewen ewéi en Hond ouni Fléi (hien huet keng Suergen am Liewen).
- Et muss ee liewen, a liewe loossen.
- Et kann een net vun der Loft eleng liewen.
- Et lieft een nëmmen eemol.
- Et lieft een net vun der Aarbecht, mä vum Profit.
- Et gëtt och gedréckte Ligen.
- E jonke Ligener, en alen Déif.
- D'Lompe fänken un ze sténken (d'Affär gëtt brenzeleg).
- Wéi op der Long, sou op der Zong; oder: vun der Long op d'Zong (riichteraus soen, wat een denkt).
- Jiddweree lueft seng Kanner, wéi de Bauer seng Ranner.
- Lues am Iessen, lues an der Aarbecht.
M
[änneren | Quelltext änneren]- Maach wat s de kanns.
- Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter. (seet een, wann ee glott gëtt, well ee sat ass).
- Et soll een d'Mais net bei de Speck spären (et soll ee keen a Versuchung féieren).
- Wéi d'Mamm, sou d'Duechter.
- E Mann, e Wuert.
- Wou kee Mann ass, ass kee Rot, wou keng Fra ass, ass kee Stot.
- Hien ass voll ewéi de Männchen am Liicht! (hien huet ze vill Alkohol gedronk).
- Matten, Mais a Muede kënnen nëmme schueden.
- Dee gär ee Maufel hëlt, muss och de Mond opdinn.
- Wien näischt mécht, deen näischt brécht.
- Et mécht ee wéi ee kann, an net wéi ee wëllt.
- Besser eng Méck am Dëppen, wéi glat näischt.
- Et fänkt ee méi Mécke mat Hunneg, wéi mat Esseg.
- Dat schéinst Meedche kann net méi ginn, wéi et huet.
- Dat Meedchen huet der un all Fanger zéng! (dat Meedchen huet vill Freieren).
- Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi een huet.
- Eng gutt Meenung an e gudde Glaw maache séileg.
- Eng gutt Meenung ass vill wäert.
- Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall.
- Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn.
- Wat méi, wat léiwer.
- Een nom aneren, sot de Mëller, do huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht.
- Een dee mengt, dee weess näischt.
- Iren ass mënschlech.
- Op senger Mëscht ass den Hunn Meeschter.
- Wat ee spuert iwwer de Mond, frësst d'Kaz oder den Hond.
- De Mound steet am Waasser (de Mound ass duerch den Niwwel verdeckt).
- Ze vill an net genuch, si keng Moossen.
- Muer ass och (nach) een Dag.
- Mueresstonn huet Gold am Monn.
N
[änneren | Quelltext änneren]- Et geet dach näischt iwwer en eegent Nascht.
- De Wollef verléiert säin aalt Hoer, awer seng Naupe behält hien.
- Et ass néierens besser, wéi doheem.
- Den Näid frësst säin eegenen Här.
- Géif den Näid brenne wéi Feier, da wieren d'Holz an d'Kuelen net sou deier.
- Wien Näider huet, huet Brout, wie keen huet, leit Nout.
- All Vulle stierwen, nëmmen d'Näidvullen net.
- Wou näischt ass, kënnt och näischt hin.
- Wou näischt ass, geet näischt zu Schanen.
- Deen näischt aus sech mécht, aus deem gëtt näischt.
- Vun näischt kënnt näischt.
- Wien näischt mécht, deen näischt brécht.
- Deen näischt wot, deen näischt wënnt, deen näischt sicht, deen näischt fënnt.
- Deen net wot, deen net wënnt, deen net haspelt, deen net spënnt.
- Nokucke kascht näischt.
- Et hat eng gutt Nonn fir hie gebiet (hien hat Gléck am Ongléck).
- Am Noper säi Gaart ass gutt kraude goen.
- Gutt Nopere brauche keng Heck.
- Et ass méi liicht fir nozekucken, wéi ze schaffen.
- Waarm Nuechte gi gudde Wäin, awer krank Leit.
- Hal op, an der Nues ze fëschen! (hal op, mam Fanger an der Nues ze wullen!)
- Nuets sinn all d'Kaze gro.
- Den Numm mécht vill zur Saach.
- Et muss een d'Kand mam Numm nennen.
- Null vun Null geet op.
O
[änneren | Quelltext änneren]- Ondank ass der Welt Loun.
- Deen Ongléck huet, brécht de Fanger am Bräi.
- Wie ka fir een Ongléck? D'Welt ass voll.
- Een Ongléck kënnt seelen eleng.
- Am Ongléck erkennt ee seng Frënn.
- Onkraut vergeet net.
- Dee sech iergert huet Onrecht.
- Ze vill Recht ass Onrecht.
- Et soll ee sech net méi oplueden, wéi een droe kann.
P
[änneren | Quelltext änneren]- Pak zerschléit sech, Pak verdréit sech.
- Ouni Hee kann dat bescht Päerd net fuerzen.
- Du bass däi Papp wéi duer gespaut (du gläichs dengem Papp ganz vill).
- Pech am Spill, Gléck an der Léift.
- Déi al Pëlle leeën déi déckst Eeër.
- E wëllegt Päerd soll een net schloen.
- Kee kann engem Plakegen an d'Täsch gräifen.
- Wann s du miss nomaachen, wat dee kann, da miss de de Plakege weisen (du bass net amstand, him dat nozemaachen).
- Dräimol plënneren ass sou gutt wéi eemol verbrannt.
- Pabeier ass gedëlleg.
- Probéieren geet iwwer studéieren.
- Et ass kee Prophéit a sengem eegene Land (seet ee vun engem, deen am Ausland unerkannt ass, mee net a senger Heemecht).
- D'Propretéit ass d'halleft Liewen.
Q
[änneren | Quelltext änneren]- Quetschen och.
R
[änneren | Quelltext änneren]- De Räichtum kënnt net vum Geld ausginn.
- Nom Reen kënnt ëmmer gutt Wieder.
- Wann et reent, da reent et riicht eran.
- Reent et net, dann drëpst et eeben.
- Déi bescht Réit kommen ëmmer ze spéit.
- Déi gutt Réit an déi schlamm Geesse kommen ëmmer hannenno.
- Et muss ee sech der Saach no riichten.
- Bei mir läit de Rimm erof (ech hu keng Energie méi).
- Wiem net ze roden ass, deem ass och net ze hëllefen.
- Gudde Rot ass deier, schlechte fënnt een iwwerall.
- D'Rou kënnt mam Alter.
- Roum gouf net an engem Dag gebaut.
S
[änneren | Quelltext änneren]- Bekëmmert sech jiddweree senger Saach, da fält kee Schneider vum Dach.
- All Saach huet zwou Säiten.
- D'Haaptsaach vun der Saach ass ëmmer d'Saach.
- Wat Saachen a kee Schaf (fir se dran ze maachen).
- Jiddwerengem säint, dann huet der Däiwel näischt.
- Ze vill zerräisst de Sak.
- Et soll ee keng Kaz am Sak kafen.
- Mäi Bop huet eng nei Salle à manger kritt (mäi Bop huet en neit Gebëss kritt).
- An deem Beruff verdéngs de d'Salz net fir an d'Zopp (an deem Beruff verdéngs de guer net vill).
- Déi faulste Sau huet ëmmer dee gréissten Trach.
- An eng eidel Scheier kënnt keng Maus.
- Op engem schéinen Teller ësst ee sech net sat.
- Dee sech scheit, dee schued sech.
- Wie laang schléift, schléift sech waarm; wie fréi opsteet, ësst sech aarm.
- Et weess e wuel wéi ee schlofe geet, awer net wéi een opsteet.
- Wann et am beschte schmaacht, da soll een ophale mat iessen.
- Wie gutt schmiert, dee gutt fiert.
- Wien ze vill gutt schmiert, dee bei der Däiwel fiert.
- Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin.
- Ech hu Schong an Huese verluer (ech war iwwerfuerdert).
- Schousterkanner a Schmaddspäerd mussen am dackste buerbes lafen.
- Wat ee schreift dat bleift.
- Deen de Schued huet, brauch fir de Spott net ze suergen.
- Jiddweree weess am beschten, wou de Schong en dréckt.
- D'Vollerten an d'Kanner hunn en eegene Schutzengel.
- Hu mir zesummen d'Schwäi gehitt? (seet een zu engem, deen ze vill familiär gëtt).
- Et soll ee schwätzen, wéi engem de Schniewel gewuess ass.
- Deen héiert sech gär schwätzen (dee steet gär am Mëttelpunkt).
- Géint de Stroum ass schwéier schwammen.
- Du wäerts dach net de Schwanz bäizéien! (du wäerts dach net kleng bäiginn!).
- Wat ze schwéier ass, dat hieft een net.
- Net gespillt, ass sécher gewonnen.
- Ech hunn e Verhalt ewéi eng Seibecken (ech hunn e ganz schlechte Verhalt)
- Wie sicht, dee fënnt.
- Déi net do sinn, ginn net gezielt.
- Siweschléifer Mëllechzopp, steet um hallwer Mëtteg op.
- Deen eemol alles gesot huet, huet hannenno näischt méi ze soen.
- Mam Soen ass net gehollef.
- D'Sonn huet nach kee Bauer vum Feld gedriwwen, awer de Reen.
- D'Sonn schéngt fir all Mënsch.
- An der Stad, do kascht d'Pond Botter e Frang a soss zwanzeg Su.
- Sou ass dat an der Stad, kriss de eng Mëtsch fir fënnef Frang a bass nach net sat.
- Aus Spaass gëtt Eescht.
- Mat Speck fänkt ee Mais.
- Speck a Brout schléit den Honger dout.
- Wou gehuwwelt gëtt, fale Spéin.
- Besser spéit, wéi glat net.
- Deen ee reeft de Steen, deen anere geheit en.
- Du gëss der Welt Stéiss (seet een zu engem, dee lëschteg Iddien huet)
- D'Stierwen ass dat lescht, wat ee kann ufänken.
- Mat Streech mécht ee säi beschte Frënd verdrësslech.
- Et muss ee sech der Decken no strecken.
- Wou der zwee sech streiden, huet een drëtten d'Hand am Spill.
- Wann der Zwéi sech streiden, freet sech den Drëtten.
- dat geet mer op d'Strëmp! (dat nervt mech!)
T
[änneren | Quelltext änneren]- Ech leeë mech e bëssen op d'Träip (ech halen eng kleng Mëttesrascht).
- Trauen ass gutt, nokucken ass besser.
- Et muss een ëmmer wësse wéini datt een d'Tromp ausspillt.
- Du sollts der ëmmer eng Tromp an der Täsch halen.
- Du hues vun Tuten a Blose keng Anung! (du hues vun näischt eng Anung!)
U
[änneren | Quelltext änneren]- Alles huet en Ufank an en Enn.
- Wou keen Ufank, ass och keen Enn.
- All Ufank ass schwéier.
- Ursaache sinn do fir ze gebrauchen.
- Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz.
V
[änneren | Quelltext änneren]- Eemol verbrannt, an zweemol bestuet mécht räich.
- Dat ass e schlechte Schmadd, dee keen Damp verdroe kann.
- Dee kee Verdross huet, mécht sech es.
- Alles vergeet (nëmmen déi kloer Waasserzoppen net).
- Ech hunn e Verhalt ewéi eng Seibecken (ech hunn e ganz schlechte Verhalt)
- Wien näischt seet, vermault sech net.
- Wie sech op déi aner Leit verléisst, deen ass verlooss.
- Et versäit ee sech net méi wéi hanner de Leit.
- Verspriechen ass Schold, a Waarden ass Gedold.
- Verspriechen an Halen ass zweeërlee.
- De Verstand kënnt mat de Joren.
- Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.
- Besser Virsiicht wéi Nosiicht.
- Engem Volle geet e Fudder Hee aus dem Wee.
- Schéi Fiedere maache schéi Vullen.
- Du bass e Vull fir d'Kaz (du bass ufälleg fir Krankheeten).
W
[änneren | Quelltext änneren]- Deen ass mat all Waasser gewäsch, just net mat Wäiwaasser.
- Et gesäit ee méi wäit iwwer d'Waasser, wéi dran.
- Am dréiwe Waasser ass net gutt fëschen.
- Am Wäin "erdrénken" der méi, wéi am Waasser.
- ziel deem näischt virun, dee kann d'Waasser net halen (ziel deem näischt virun, dee kann näischt fir sech halen).
- dat ass Waasser an de Pëtz geschott! (seet een, wann een eppes Iwwerflësseges mécht).
- dat do ass Waasser op meng Millen! (dat do gëtt menger Meenung méi Gewiicht).
- Wie fir d'éischt beim Wäiwaasser ass, dee seent sech.
- Wann déi Wann net wier, dann hätte vill Geessen näischt ze friessen.
- Wat net ass, kann nach ginn.
- All Weeër féieren op Roum.
- Wat s de net weess, dat mécht dech net hees.
- Wat een net weess, dat weess en aneren.
- Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et zeréck.
- Déi Wëll lafen am Bësch.
- Wann een ënner d'Wëllef geet, muss ee mat haulen.
- Mam Wëllen eleng geet et net duer.
- Wann een de Kanner de Wëllen deet, da kräische se net.
- Mat guddem Wëlle mécht ee vill.
- Wëlls de net, dann hues de schonn.
- Wëlls de dat eent, da wëlls de och dat anert.
- Deen alles wëllt, kritt näischt.
- Sou geet et op der Welt, deen een huet de Beidel, deen aneren huet d'Geld.
- Et muss ee mat der Welt virugoen.
- Ech muss engem d'Welt weisen.
- Et ass eng elle Welt (d'Liewen ass net schéin).
- Hien huet wënsch dragekuckt (hien ass schlecht gelaunt).
- Wat ee wënscht, dat gleeft ee gär.
- Zwee wësse méi wéi een.
- D'Wieder erkennt een um Wand, den Här um Kniecht, de Papp um Kand.
- Mat Wierder bezuelt ee keng Schold.
- Um Enn vun hirem Liewe war d'Wittfra aarm ewéi Job (um Enn vun hirem Liewe war d'Wittfra ganz aarm)
- D'Wourecht geet net ënner.
- Op d'Wourecht kann ee bestoen.
- Wann ee vum Wollef schwätzt, da kënnt en.
- Et soll een net dem Wollef säi Pelz verkafen, bis een en huet.
- Deemno Geld, deemno Wuer.
- Et muss een net all Wuert op d'Goldwo leeën.
- Ee Wuert gëtt dat anert.
X
[änneren | Quelltext änneren]- Engem en X fir en U virmaachen.
Y
[änneren | Quelltext änneren]Z
[änneren | Quelltext änneren]- Alles huet seng Zäit, nëmmen d'Fléi fänken net.
- Zäit ass Geld.
- Hues de mol d'Pensioun, dann hues de keng Zäit méi.
- Keng Zäit, kee Rot.
- Kënnt Zäit, kënnt Rot.
- D'Zäit an d'Leit muss een huele wéi se kommen.
- Ze vill ass ongesond.
- Et weess een ni ze vill, an dacks net genuch.
- Déi zefridde Leit hunn ëmmer genuch.
- Jiddwer Zirkus huet säi Clown.
- Fir en Ziwwi ze maachen, muss een en Hues hunn.
- Wann ee bis den Zock huet, da geet et bal vum selwen.
- Hunneg op der Zong, Gal op der Long.
- Vun der Zopp gëtt ee schéin.
- Et gëtt keng Zopp sou waarm giess wéi se gekacht gëtt.
- Dee gesäit aus, du mengs, e kréich keng waarm Zopp (dee gesäit gouereg a schappeg aus).