Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass dat mat de Kiischten e Sprachwuert oder just d'verstoppte Moral vun der Geschicht vum Fuuss mat den Drauwen? --Otets 22:03, 22 August 2005 (UTC)

Stad / Staat[Quelltext änneren]

Wéi schreift een da "Staten/Staden"? Misst jo eigentlech "Stied" sinn mee da reimt et sech net méi, a wann et sech em de "Staat" handelt wier et jo net zwou, mee zwee? Ech kennen d'Sprachwuert awer just mat "zwou".

Iwwregens: "Hei ginn e puer Lëtzebuerger Sprach- a Wouerwierder an alphabetescher Reiefolleg opgezielt:" - Gott sei Dank, allerdings wéisst ech gäer no wat fir engem Alphabet? Myriam 14:27, 13 Januar 2006 (UTC)

Op déi éischt Fro loossen ech de Cornischong äntweren, dee weess do besser Bescheed. D'Alphabet ass dat laténgescht. Op wat et sech applizéiert ass allerdings manner evident. Mär kucke wa méiglech d'Haaptssubstantiv aus dem Sprachwuert ze viséieren, a wann et deer keent gëtt dann eben d'Haaptverb. --Otets ♣ 16:13, 13 Januar 2006 (UTC)

Ja, dat mat dem SPRACHwuert "Hätten an haten" léisst sech eigentlech net schrëftlech festhalen. Dat gehéiert an de Rayon "Reim oder freck". --Cornischong 18:47, 13 Januar 2006 (UTC)

Hallo Cornischong, dat hellëft lo net wierklech (OK haut sinn ech vläicht méi fein agestallt, war schonn e bëssi ënnerwee. Also ka kee mer hëllefen? Myriam 00:34, 14 Januar 2006 (UTC)

Haut oder muer?[Quelltext änneren]

"Kënns de net haut, da kënns de muer": Mat oder ouni "t"?

Haut mat "t"

Mascamon, "kenns" war en Tippfehler - Merci Myriam 08:49, 23 Januar 2006 (UTC)

Ech hu ganz éierlech elo net de Sënn vun dëser Lëscht gesinn, well d'Halschent vun de Spréchwierder sinn net lëtzebuergesch. Déi fënnt ee genausou am Däitschen, an deelweis och nach an anere Sproochen. Dofir mol dringend iwwerschaffe w.e.g.

An déi "Net-Artikelen" vun zwee Sätz wéi zum Beispill Déi Wëll, déi lafen am Bësch fannen ech einfach nëmme grugeleg.

Ech sollt deen och eigentlech ewech huelen an einfach hannert d'Zitat setzen, mee dat hunn ech wuel vergiess :-( Myriam 16:57, 22 Mäerz 2006 (UTC)

Also entweder gescheit iwwerschaffen, oder ech iwwerhuelen dat. A jiddferee kennt mäin Torschong.

An de Kombel ass jo wuel, d'allegemengt Wuert Sprachwierder mol direkt op déi Lëtzebuerger ze linken. Hunn déi aner Länner keng ? Dee Redirect flitt scho mol direkt ewech.

--Briséisβρισεισ 17:02, 20 Mäerz 2006 (UTC)

D'Houeren an hiert Miel[Quelltext änneren]

"Houre Miel gëtt houre Panech.". Wat soll dann de Sënn dohannert sinn? Do geet et ëm eppes ganz Aneschters! --Cornischong 18:30, 30 Mäerz 2006 (UTC)

"Houre Miel gëtt houre Panech." heecht souvill wei dat wann d Elteren verschass sin, gin d Kanner et och. ( Äntwert vun der IP 80.90.36.76 )

Ech hunn eng aner Erklärung héieren: "Houer" kënnt vun "Huewer", et war also am Ufank: Huewer Miel gëtt Huewer Panech. De Sënn ka jo dann och nach de selwechte bleiwen.

Geheiert dat Déngen hei net anzwousch anescht hin[Quelltext änneren]

Gehéiert dësen Artikel nët a Wiktionary oder och vläicht soss entzwouch Les Meloures 14:08, 8 Dezember 2006 (UTC)

Wann een esou kuckt, wéivill Editen dës Sammlung huet, dann ass den den absoluten Hit, oder wéi een esou seet. --Cornischong 14:16, 8 Dezember 2006 (UTC)

Daat stëmmt, mä dat ännert net meng Meenung.

Hu mer da keen esou e Wiktionary wou mer sou eppes kënnen hiréckelen. Les Meloures 14:44, 8 Dezember 2006 (UTC)

Ënner de real existéiernden Ëmstänn, hu mer besser, mer loossen dat Déngen mat deenen Déngen dran, einfach stoen, wou et steet. Da setzt heinansdo een eppes dran, an dann huet et sech. Vum Wiktionary halen ech esou vill wéi vun de Commons. --Cornischong 15:05, 8 Dezember 2006 (UTC)

Monni, wat ass e Wouerwuert?[Quelltext änneren]

Dat ass also eng Lëscht vu Sprachwierder a Wouerwierder. Ofgesinn dovun, datt et eng Lëscht "mat" -Wierder ass, meng Fro: wat ass e "Wouerwuert"? A wat ass den Ënnerscheed tëscht deenen zwéin? --Cornischong 14:40, 14 Oktober 2007 (UTC)

Well de Monni, dee sech dat aus de Fangere gesuckelt huet, net drop äntwert, gouf dat vun engem Mataarbechter nogekuckt an déi Lëscht op de richtege Lemma geréckelt.
Am véierte Band vum Luxemburger Wörterbuch op der Säit 463 krut ech gesot, datt et dat Wuert nëmmen am Sprachwuert Spréchwuert, Wouerwuert gëtt. --Cornischong 13:58, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wou kënnt dat Wuert Sprachwierder hier. Den DFL seet Spréchwierder, an an der Annexe vum Arrêté ministeriel iwwer d'lëtzebuerger Schreifweis déi vum François Schanen a Jérôme Lulling ausgeschafft gouf fannen ech op Säit 133 och Spréchwierder. Water Quelle soen eppes Aneschtes?

Les Meloures 17:53, 30. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat ass esouwäit ech mech entsënne beluet vum Fernand Lorang, de Cornischong huet hei driwwer awer nach eng aner Quell uginn, nämlech déi vum Luxemburger Wörterbuch: Spréchwuert, Sprachwuert N.: "Sprichwort" - Sp., Wouerwuert. --Otets00:27, 31. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Eng gefaulten Néiesch[Quelltext änneren]

"E laange Fuedem, eng faul Néiesch": a sou!? --Cornischong 13:49, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Et huet een d'Qual vun der Wahl[Quelltext änneren]

Ech ka mer net virstellen dass dat soll e lëtzebuergescht Spréchwuert sinn. Propose: Läschen. --Pecalux (Diskussioun) 06:45, 29. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]