Lëtzebuergesch Wanderkaarten
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
[änneren] Wanderkaarte vum Kadaster
[änneren] 1:50.000
De Kadaster gëtt zwou topographesch, touristesch Kaarten am 1:50.000 eraus, déi national Wanderweeër a Vëlospisten enthalen:
- Luxembourg Nord
- Luxembourg Sud
[änneren] 1:20.000 (Serie R)
De Kadaster gëtt topographesch, touristesch, regional Kaarten am 1:20.000 eraus, déi zur Serie R gehéieren. D'Kaarten aus der Serie R enthalen all déi national Wanderweeër a Vëlospisten, déi dem Tourissemministère ënnerstinn: Circuits autopédestres, national Wanderweeër, Europäesch Fernwanderweeër, Vëlospisten a Mountainbikepisten.
An der folgender Lëscht stinn d'Originalnimm op Franséisch:
- R1 - Clervaux - Huldange
- R2 - Boulaide - Wiltz
- R3 - Diekirch - Putscheid
- R4 - Steinfort - Redange
- R5 - Larochette - Lorentzweiler
- R6 - Wasserbillig - Beaufort
- R7 - Luxembourg et environs
- R8 - Sandweiler - Grevenmacher
- R9 - Dudelange - Clemency
- R10 - Schengen - Weiler-la-Tour
[änneren] Nordic-Walking-Parken
5 Nordic-Walking-Parken goufen zu Lëtzebuerg ageriicht:
- Nordic-Walking-Park Uewersauer
- Nordic-Walking-Park Ourdall
- Nordic-Walking-Park Klierfdall
- Nordic-Walking-Park Mëllerdall
- Nordic-Walking-Park Miselerland
D'Wanderkaarte kënne vum Internet erofgeluet ginn http://www.nordicwalkingparc.lu.
[änneren] Regional Wanderkaarte vun den touristeschen Ententen
[änneren] ESILAC
D'ESILAC, d'Entente des syndicats d'initiative du lac de la Haute-Sûre, bitt folgend regional Wanderkaarten un, op deenen déi lokal Wanderweeër ze fanne sinn:
- Arsdorf - Bigonville - Boulaide
- Bavigne - Harlange - Tarchamps - Watrange
- Goesdorf
- Liefrange - Insenborn - Kaundorf - Lultzhausen
- Perlé
- Winseler - Doncols
[änneren] ESIMSO
D'ESIMSO, d'Entente des syndicats d'initiative et de tourisme de la Moyenne-Sure et de l'Our, bitt 4 regional Wanderkaarten un, op deenen déi lokal Wanderweeër ze fanne sinn:
- Hoscheid - Gralingen
- Vianden - Stolzembourg - Fouhren - Körperich
- Diekirch - Ettelbrück - Erpeldange - Bastendorf
- Reisdorf - Bettendorf
[änneren] ESIN
D'ESIN, d'Entente des syndicats d'initiative du nord, bitt folgend regional Wanderkaarten un, op deenen déi lokal Wanderweeër ze fanne sinn:
- Lieler - Heinerscheid
- Clervaux - Munshausen
- Troisvierges - Weiswampach
- Wincrange
- Hosingen - Kiischpelt
- Kautenbach