Laangstreckeschwammen

Vu Wikipedia
Laangstreckeschwammen
Schwammen am oppene Waasser
De Start vun de Männer beim Internationalen Triathlon zu Wäiswampech (2007)
Typ Schwammen, Sport, Waassersport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 2008
Federatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage
Ursprong
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Gewässer
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Florian Wellbrock (10 km)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Xin Xin (10 km)


Laangstreckeschwammen oder Schwammen am oppene Waasser ((en) Open Water Swimming (OWS), (fr) nage/natation en eau libre) ass eng olympesch Waassersportaart bei där d'Schwëmmer an engem oppene Waasser eng Streck vun 10 km schwamme mussen.

D'Disziplin gëtt deels och als „Marathonschwammen“ bezeechent, well 10 km schwammen ongeféier engem Marathon (≈42 km) zu Fouss entspriechen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Konzept vum Laangstreckeschwamme gëtt et zënter de Matthew Webb 1875 als éischte Mënsch vun Dover op Calais duerch den Äermelkanal geschwommen ass. En anert bemierkenswäert Schwammen am oppene Waasser gouf et 1926, wéi déi 19järeg Gertrude Ederlee als éischt Fra duerch de Kanal, vu Cap Gris-Nez op Dover, geschwommen ass.

Bei de Weltmeeschterschaften 1991 am australesche Perth, gouf d'Laangstreckeschwammen zu enger offizieller Disziplin vun der World Aquatics (deemools FINA), bei där Männer grad ewéi Fraen op enger Streck vu 25 km ugetruede sinn. D'10 km-Distanz gouf 2001 zu Fukuoka a Japan agefouert.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Et muss am oppene Waasser geschwomme ginn an d'Course geet mat engem Massestart lass, bei deem d'Schwëmmer op en Zeechen hi gläichzäiteg vun enger Plattform aus an d'Waasser sprangen. Dobäi gëtt et keng Restriktioune fir a feste Bunnen ze schwammen an en zoufällege Kontakt tëscht se Schwëmmer ass deemno erlaabt.

D'Schwëmmer hunn e Bracelet, e sougenannten Transponder un, mat deem hir Zäit am Computersystem festgehale gëtt.

Um Enn vun der Course mussen d'Schwëmmer eng Plack beréiere fir d'Auer ze stoppen. D'Athlete kënnen disqualifizéiert gi wa se e Pacemakersystem benotzen, am Wandschiet schwammen, wa se lafen oder sprangen oder ouni Transponder am Zil ukommen.

Laangstreckeschwammen an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Ier et Schwämme goufen, sinn d'Schwammkompetitioune bei den dräi éischten Editioune vun den olympesche Summerspiller (Athen 1896, Paräis 1900 a Saint-Louis 1904) am oppenen Waasser organiséiert ginn.

Déi éischt offiziell Kompetitioun am Laangstreckeschwamme (10 km-Course) bei den Olympesche Spiller war fir Männer a fir Fraen 2008 zu Beijing.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

D'Waassertemperatur beim olympesche Laangstreckeschwamme läit bei op d'mannst 16° C a bei héchstens 31° C an d'Waasser muss op all Plaz 1,40 Meter déif sinn.

Et triede pro Geschlecht 22 Schwëmmer un; béid Courssen (eng fir Männer an eng fir Fraen) ginn an der Seine, ënner dem Pont Alexandre-III, tëscht dem Grand Palais an dem Hôtel des Invalides geschwommen.

Laangstreckeschwammen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et 16 Schwammclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laangstreckeschwammen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]