Legend (Kaart)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Legend vun der Kaart sinn d'Randinformatiounen déi um Bord vun der Kaart ofgebilt sinn. Et kann ee bal soen, datt d'Gebrauchsanweisung vun der Kaart ass.
Et fënnt een ëmmer méi oder wéineger déiselwecht Informatiounen op de Landkaarten erëm. Op den topographesche Kaarten ass dëst:
Iwwert der Kaart:
- Den Numm vun der Géigend oder vum gréisseren Duerf oder der gréisserer Staat déi op der Kaart duergestallt ass
- D'Nummer vun der Kaart
Riets vun der Kaart:
- Den Tableau d'assemblage deen eis verréit, wei eng Kaarten d'Nopeschkaarte vun där sinn déi mer kucken.
- D'Equidistanz
- Déi 3 Norden (Kartographeschen Norden, Magnéiteschen Norden a Geographeschen Norden)
- Magnéitesch Deklinatioun
- De Koordinatesystem dee benotzt gëtt
- D'Ofkierzungen déi benotzt ginn
Ënner der Kaart:
- Erklärung vun de konventionellen Zeechen
- De Moossstaf
| Commons: Map icons – Biller, Videoen oder Audiodateien |