Leif Eriksson

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam islänneschen Entdecker Leif Eriksson. Fir den Artikel iwwer de schweedesche Foussballspiller mat dem selwechten Numm, kuckt wgl.. Leif Eriksson (Foussballspiller).

De Leif Eriksson (Islännesch: Leifur Eiríksson); gebuer ëm 970 an Island; a gestuerwen ëm 1020 war en islänneschen Entdecker. Säi Spëtznumm ass de Glécklechen.

Entdeckung vun Amerika[änneren | Quelltext änneren]

De Leif Eriksson koum ëm 970 als Jong vum Erik de Rouden a Kandskand vum Thorvald Asvaldsson an Island op d'Welt. Hie koum mat sengem Papp, deen no engem Muerd verbannt gouf, an no Weste geseegelt ass, op Grönland.

Ëm d'Joer 1000 ass de Léif mat ronn 35 Mann erëm fortgefuer an huet, wéi ugeholl gëtt, als éischten Europäer, nordamerikanesche Buedem betratt. Zwar nennt d'Grönland-Saga de Bjarni Herjólfsson als „Entdecker“, trotzdeem gouf dem Leif seng Arrivée vum Adam von Bremen a senger Gesta Hammaburgensis ecclesiae pontificum dokumentéiert an domat schrëftlech beluecht. Et gëtt och Unzeechen, datt onbekannt Islänner schonn am Joer 985 Nordamerika erreecht hätten.

Dem Leif säi Brudder huet aner Expeditioune gemaach, koum awer a Konflikt mat den Urawunner an ass, duerch e Fäil getraff, gestuerwen.

Kaart vun den Entdeckungsreese vun de Wikinger

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den internationale Fluchhafen zu Keflavík huet den Numm vum „Leifur Eiríksson“.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Illing: Drachenschiffe vor Amerika, Kulturgeschichtlicher Roman, Prisma Verlag Leipzig 1976.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leif Eriksson – Biller, Videoen oder Audiodateien