Méchelskierch zu Garnech

Vu Wikipedia
Kierch vu Garnech

Uertschaft / Plaz Garnech
Par Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Koordinaten 49° 36’ 51.1’’ N
      05° 56’ 46.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Garnech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Garnech gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Si steet um westleche Rand vun der Uertschaft an der rue St. Hubert.

Iwwer dem Agank vun der Kierch ass (als Baujoer ?) a réimeschen Zuelen 1933 uginn.

Zur fréierer Par Garnech hunn och nach d'Kapelle vun Duelem an Héiweng gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Garnecher Kierch huet dräi Klacken am Tuerm hänken, déi an den Téin c'' - b' - g' lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch zu Garnech – Biller, Videoen oder Audiodateien