Macky Sall

Vu Wikipedia
Macky Sall
Gebuer 11. Dezember 1961
Nationalitéit Senegal
Educatioun Universitéit Cheikh Anta Diop
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei Alliance pour la République

De Macky Sall, gebuer den 11. Dezember 1961[1], ass e senegaleesesche Politiker. Hie gouf de 25. Mäerz 2011 am 2. Tour zum President vu Senegal gewielt an huet säin Amt den 1. Abrëll 2012 ugetrueden. De 24. Februar 2019 gouf hien erëmgewielt.

De Macky Sall ass Geologie-Ingenieur vu Formatioun.[2] Hie war vun Abrëll 2000 bis Mee 2001 dem Staatspresident Abdoulaye Wade säi Spezialconseiller fir Energie a Biergbau, a vun Dezember 2000 bis Juli 2001 Generaldirekter vun der Société des Pétroles du Sénégal (Petrosen). Am Mee 2001 gouf e Minister fir Biergbau, Energie an Hydraulik.

Am August 2003 gouf hien Inneminister a Porte-parole vun der Regierung. Vun Abrëll 2004 bis Juni 2007 war de Sall Premierminister vu sengem Land an duerno, vu Juni 2007 bis November 2008, President vun der Nationaler Assemblée vum Senegal.[2] Hie war ausserdeem vun 2002 bis 2008, an dann nees vun Abrëll 2009 bis Mäerz 2012, Buergermeeschter vu Fatick.

De Sall war laangjärege Member vun der Parti Démocratique Sénégalais (PDS). Nodeem hien a Konflikt mam Staatspresident Abdoulaye Wade gerode war, gouf hien am November vu sengem Posten als Parlamentspresident ofgesat; doropshin huet de Sall seng eege Partei gegrënnt an ass an d'Oppositioun gaangen.

Bei de Presidentewalen am Mäerz 2012 ass hien dann och als Kandidat géint de Wade ugetrueden an huet se am 2. Tour gewonnen.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Macky Sall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Offiziell Säit vun der senegaleesescher Regierung iwwer de Sall (Archivéiert; vun 2006) (fr).
  2. 2,0 2,1 "Les anciens présidents de l'Assemblée nationale", (fr).
  3. http://www.bbc.co.uk/news/world-africa-17508098