Mayflower

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mayflower zu Plymouth, gemoolt vum William Halsall (1882)
Nobau vu der Mayflower (Mayflower II) zu Plymouth, MA, USA

Mayflower huet d'Schëff geheescht, dat déi éischt europäesch Emigranten, déi sougenannte Pilgrims oder och Pilgrim Fathers (Pilgerpappen), vun England no Amerika bruecht huet. D'Mayflower huet de 6. September 1620 vu Plymouth aus seng Rees ugetratt an huet Cape Cod den 21. November 1620 erreecht (Nom gregorianesche Kallenner).

U Bord vu der Mayflower waren 102 Passagéier an 30 Mann Equipage. Kapitän war de Christopher Jones.

Vill Amerikaner, besonnesch aus distinguéierte Familljen vu Neiengland (wéi z. B. d' Brahmanen vu Boston), si bestrieft, hir Ofstammung op een oder aneren Passagéier vu der der Mayflower zréckzeféierenen. Eng General Society of Mayflower Descendants gouf 1897 zu Plymouth (Massachusetts) gegrënnt.

Kuriositéit [änneren]

D'Mayflower huet ënner anerem fréizäiteg u Land misse goen, sou heescht et, well d'Reserven vu Béier zu Enn gange sinn.

Literatur [änneren]

  • Nathaniel Philbrick, Norbert Juraschitz - Mayflower. Aufbruch in die Neue Welt (Däitsch), 2006, ISBN 3-8966-7229-0
  • Nathaniel Philbrick - Mayflower. A Story of Courage, Community, and War (Englesch), 2006, ISBN 0-6700-3760-5

Um Spaweck [änneren]

Commons: Mayflower – Biller, Videoen oder Audiodateien