Mille vu Migé

Vu Wikipedia
Mille vu Migé
D'Mille vu Migé am September 2011
Land Frankräich
Departement Yonne
Gemeng Migé
Koordinaten 47° 40’ 35.24’’ N
      03° 31’ 22.86’’ O
Héicht 8,00 m
Mauerdéckt 0,96 m
Statut Betribsfäeg
Historescht Monument
Datum vum Bau Mee 1794
Proprietär Associatioun « A tire d'aile »
Zweck Käremillen

D'Mille vu Migé och nach als Moulin Dautin bekannt ass eng Wandmillen am Departement Yonne, an der Bourgogne. Se steet laanscht d'Nationale 151 (Pk:20,3) tëscht Clamecy an Auxerre net wäit vum klengen Duerf Migé.

Se steet um Inventaire vun den historesche Monumenter an ass an engem perfekten Zoustand. Et ass eng sougenannt Tuermmille mat beweeglecher Hauf déi als Käremille gebraucht gouf, an et ass déi eenzeg Käremillen am Departement déi nach funktionnéiert. D'Millen déi mat regléierbare Flilleke vum System Berton ekipéiert ass, ka bei Wandvitesse vun iwwer 27 km/h a Betrib geholl ginn.