Ming-Dynastie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Ming-Dynastie huet iwwer d'Chinesecht Kaiserräich vun 1368 bis 1644 geherrscht an domat d'mongolesch Friemherrschaft vun der Yuan Dynastie (1271-1368) ofgeléist.

De Staat ënner dem Hong-Wu[änneren | Quelltext änneren]

D'Ming-Dynastie gouf vum Zhu Yuanzhang (Hong-Wu) gegrënnt. Deen huet 1363 als Rebellechef d'Ausenanersetzung um Poyang Séi, géint säin Haaptrival Chen You-liang, erfollegräich gewonnen. Och géint seng aner Rivale konnt hie sech duerchsetzen an huet dobäi schonn ugefaangen eng stabil Struktur ze schafen. 1368 huet seng Arméi ënner dem Hsü Ta schlussendlech de Khan Thogan Timur aus Peking verdriwwen an domat der mongolescher Herrschaft een Enn bereet. Ënner dem Zhu Yuanzhang senger Herrschaft stoung virun allem de wirtschaftlechen Erëmopbau. Sou koum et dann och zu grousse Bauprojete sou wéi Bewässerungsprojeten. D'Regierung gouf no engem absolutistesche Modell opgebaut, sou dat d'ganz Muecht an d'Hänn vum Keeser geluecht gouf.

Wirtschaft a Staatsopbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Bevëlkerung gouf an dräi Kategorien ënnerdeelt, déi vun de Baueren, vun den Zaldoten an déi vun den Handwierker, mat eegenem Ministère an eegener Stéiererhiewung. D'Ming-Dynastie konnt aus China déi bedéitenst Wirtschafts- a Séimuecht an Ostasien erschafen, obwuel de wirschaftleche Fortschrëtt ënner der konfuzianescher Astellung, déi deemools een Héichpunkt erreecht hat, gelidden huet, well d'Konfuzianer d'Händler an den Handel am Allgemenge veruecht hunn. Dat 16. Joerhonnert steet awer a China fir e wirtschaftlechen a kulturellen Héichpunkt. Dat erkläert sech virun allem duerch déi nei europäesch Kolonien an Amerika. D'Gold an d'Sëlwer dat vun Amerika gréisstendeels a Spuenien an a Portugal verschëfft gouf, ass vun der europäescher Elite benotzt gi fir Produkter aus China ze kafen, an domat koum deem säi Räichtum dunn zu engem groussen Deel an d'chinesescht Räich.

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Belaaschtung während der Ming-Dynastie waren d' Kämpf géint d'Mongolen, déi sech iwwer eng laang Zäit erausgezunn hunn. Fir der Bedrohung vun de Westmongolen entgéintzewierken, gouf d'Haaptstad ënner dem Keeser Yongle am Joer 1406 vun Nanking op Peking verluecht. Ënner der stänneger Bedrohung gouf d' chinesesch Mauer an de Moosse gebaut wéi se nach haut ass.

Den Ënnergank[änneren | Quelltext änneren]

Den Ënnergank vun der chinesecher Ming-Dynastie gouf duerch d'Kämpf géint Mandschu ageleed. De Mandschu-Fürst Nurhaci huet sou am Joer 1609 an engem Schlag géint véier Ming-Arméie gewonnen. Parallel dozou koum et zu Hongersnéit a Bauerenopstänn. Déi goufe vun zwéi Männer gefouert, déi 1641 ënner dem Li Zicheng d'Zil haten, der Ming-Dynastie een Enn ze bereeden. 1644 ass de Li Zicheng dunn a Peking agefall, wouduerch de leschte Ming-Keeser Chongzhen sech erhaangen huet.

Mä de Li Zicheng huet e Feeler begaangen, deen heefeg zitéiert gouf. Hien huet d'Konkubin vum Generol Wu Sangui entfouert, deen d'Ming-Arméi un der Nordgrenz ënner senger Kontroll hat. Doduerch huet sech de Generol de Mandschu ugeschloss. Doropshin ass den deemolege Regent-Prënz Dorgon am Numm vum deemools sechsjärege Mandschu Keeser Shunzhi (1644-1661) op Peking marschéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

D'Referenz[änneren | Quelltext änneren]

  • Frederick W. Mote / Denis C. Twitchett: The Cambridge History of China. Volume 7, The Ming Dynasty. Part 1, 1368-1644, 1988, Cambridge University Press, 1008 S.
  • Denis C. Twitchett / Frederick W. Mote: The Cambridge History of China. Volume 8, The Ming Dynasty. Part 2, 1368-1644, Cambridge University Press, 1231 S.

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Witold Rodzinski: A History of China. In two Volumes., 1979, Pergamon Press. Band 1: Kapitelen 21, 22 an 23: S. 193-217.
Commons: Ming Dynasty – Biller, Videoen oder Audiodateien