Miro Cerar

Vu Wikipedia
Miro Cerar
Gebuertsnumm Miroslav Cerar
Gebuer 25. August 1963
Ljubljana
Nationalitéit Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Slowenien
Educatioun Universitéit vu Ljubljana,
University of California
Aktivitéit Politiker, Jurist, Universitéitsprofesser, Affekot, Akkordeonist

De Miro Cerar, gebuer de 25. August 1963 zu Ljubljana, ass e sloweenesche Jurist a Politiker. Hie war vun 2014 bis 2018 Premierminister vu Slowenien.

Hien ass de Jong vun der fréierer Procureur-général a fréierer Justizministerin Zdenka Cerar an dem Konschtturner Miroslav Cerar. Den Cerar gëllt als ee vun deenen aflossräichste Juriste vu Slowenien, hien huet virun allem un der Constitutioun vum Land matgeschafft. Hie war bis 2014 Professer op der juristescher Fakultéit vun der Universitéit Ljubljana.

Nom Récktrëtt vun der Alenka Bratušek als Ministerpresidentin am Mee 2014 huet den Cerar ugekënnegt, wëllen an d'Politik ze goen, an huet d'Partei Stranka Mira Cerarja (SMC – „Dem Miro Cerar seng Partei“) gegrënnt,[1] mat där en d'Parlamentswalen den 13. Juli 2014 gewonnen huet.[2] De 25. August 2014 huet d'Staatsversammlung, dat sloweenescht Parlament, den Cerar mat 51 géint eelef Stëmmen zum neie Ministerpresident gewielt, un der Spëtzt vun enger Koalitioun vu senger Partei, der konservativer Rentnerpartei an de Sozialdemokraten.[3] Den 18. September 2014 gouf seng Regierung vereedegt.

De 15. Mäerz 2018 huet hie säi Récktrëtt agereecht.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Slowenien – Bewegung auf politischer Bühne vor Neuwahlen." Wiener Zeitung, 2. Juni 2014.
  2. "Quereinsteiger gewinnt in Slowenien, Opposition erkennt Wahl nicht an." derStandard.at, 14. Juli 2014
  3. http://www.dw.de/slovenian-parliament-endorses-law-professor-miro-cerar-as-pm/a-17878394
  4. "Slowenischer Ministerpräsident informiert Parlament über Rücktritt." tageblatt.lu, 15. März 2018. 11:29 Uhr - Akt: 15. März 2018. 15:31.