Mjøsa

Vu Wikipedia
Mjøsa
Land Norwegen
Verwaltungseenheet Gjøvik
Länner um Uwänner Norwegen
Fläch 369,322128 km²
Héicht. i. M. 123,2 m


De Mjøsa ass mat enger Fläch vun 365 km² de gréisste Séi an Norwegen. De Séi läit op 123 Meter, ass 117 km laang an huet e Volume vu 56,24 km³. Seng maximal Breet vu 15 km huet e bei Hamar. Do läit och d'Helgøya, seng gréisst Insel.

17 Flëss, klenger a grousser, lafen an de Mjøsa. De wichtegsten ass de Gudbrandsdalslågen an huet bei Lillehammer seng Mëndung.

De Waasserstand vum Mjøsa gëtt reguléiert an huet zanter 1961 e relativ konstanten Niveau.

De Séi ass an Norwege fir seng räich Fëschreserve bekannt. Pro Saison ginn 150-200 Tonne Fësch aus dem Mjøsa gezunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mjøsa – Biller, Videoen oder Audiodateien