Monolog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Monolog ass, am Géigesaz zum Dialog, e Gespréich mat sech selwer.
Am Theater riicht sech de Monolog, vun der Form hier, net un den Nolauschterer, mee un eng imaginär Persoun. Dat ass e Konschtgrëff vum Auteur, fir sech indirekt un de Publikum ze riichten.
Deen am meeschte bekannte Monolog op der Bühn kéint den Hamlet-Monolog vum William Shakespaere sinn.
Eng speziell Form vum Monolog ass de Bannenzege Monolog, deen zënter dem James Joyce an der Literatur bekannt ass.
Och an der Psychiatrie spillt de Monolog eng Roll. Et geet dobäi ëm Gespréicher mat sech selwer, déi beispillsweis bei Isolatiounsfolter, eng direkt Folleg vun Entzuch vun akustesche Reizer sinn.