Mont Lozère

Vu Wikipedia
Lag vum Mont Lozère am Massif central

De Mont Lozère ass e Biergmassiv dat haaptsächlech aus Granit besteet. Et gehéiert zu den Cevennen, déi de südëstlechen Deel vum Massif central bilden. Seng héchst Plaz an domat och déi vun den Cevennen ass de Pic de Finiels mat enger Héicht vu 1.699 Meter.

De Mont Lozère zitt sech a Form vun engem längelzege Plateau op 30 Kilometer, vun Osten no Westen, tëscht der Causse de Sauveterre a Villefort, an an der Nord-Süddirektioun grenzt en u Pont-de-Montvert a Le Bleymard.

Den Tarn huet seng Quell um Südhank vum Bierg.

Montjoies laanscht e Schéiferpad um Mont Lozère

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mont Lozère – Biller, Videoen oder Audiodateien