Montepaschi Strade Bianche
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Montepaschi Strade Bianche ass eng Vëloscourse vun engem Dag, déi an der italienescher Regioun Toskana gefuer gëtt. Besonnesch un där Course ass, datt ronn een Drëttel vun der Streck iwwer wäiss Schotterweeër gefuer gëtt.
Déi éischt Oplo vun der Course gouf den 9. Oktober 2007 iwwert eng Distanz vun 180 km tëschent Gaiole in Chianti a Siena gefuer. D'Streck hat siwe Secteure mat Schotterweeër, déi zesummen eng 60 km laang waren.
Zënter der éischter Oplo 2007 gehéiert dës Course zum UCI Europe Tour an ass zënterhier an der Klass 1.1 agestuuft.
Inhaltsverzeechnes |
Numm vun der Course [änneren]
- 2007 - 2008: Monte Paschi Eroica
- Zënter 2009: Montepaschi Strade Bianche
D'Gewënner [änneren]
| 2007 : Alexander Kolobnev | |
| 2008 : Fabian Cancellara | |
| 2009 : Thomas Lövkvist | |
| 2010 : Maxim Iglinskiy | |
| 2011: Philippe Gilbert | |
| 2012: Fabian Cancellara |
Kuckt och [änneren]
- L'Eroica fir Cyclo-Touristen