Mosaaft

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mosaier)

De Mosaaft (lat: succus gastricus) ass eng Flëssegkeet am Daarm. Si ass kloer an éischter déckflësseg. E wichtegen Deel vum Mosaaft ass eng Salzsaier, déi Mosaier genannt gëtt. De Mosaaft ass räich un Enzymer.

Beim Iessen produzéiert d'Moschläimhaut de Mosaaft, dee wichteg ass fir déi konsuméiert Narung ze verdauen. Déi aggressiv Mosaier hëlleft, den Iessensbräi, dee virdru schonn am Mond kleng gemaach a mat Spaut vermëscht gouf, am Mo ze zersetzen a wichteg Närstoffer opzesplécken. D'Mosaier stimuléiert och d'Enzymer, déi wichteg fir d'Verdauung sinn, well si d'Närstoffer zerleeën an an de Kierper ophuelen.

Mat der Narung kommen awer och Krankheetserreeger an de Mo. Éier si Schued kënne uriichten, gi si vun der Mosaier ëmbruecht. Déi meescht Keimer iwwerliewen de staark sauere Milieu vum Mo net.

D'Mosaier gëtt vun den Zelle vun de Moschläimhaut produzéiert. Fir ze verhënneren, datt si de Mo selwer ugräifen, ginn d'Bestanddeeler vun der Mosaier eréischt fräigesat, wann de Kierper dovun ausgeet, datt se tatsächlecht gebraucht gëtt. De Kierper produzéiert dann normalerweis esouvill Saier, wéi e fir d'Verdaue vun der opgehollener Narung brauch.

Bei verschiddenen Déieren, wéi beim Geier, ass d'Mosaier méi staark, esou datt se och ofgeschléckte Schank kann opléisen.[1]

Wa se am Mo net méi gebraucht gëtt, da fléisst d'Mosaier zesumme mat der verschaffter Narung weider an den Daarm. Do gi weider Flëssegkeete bäigemëscht, déi d'Mosaier neutraliséieren an d'Narungsbestandeeler weider opsplécken.

De mënschleche Kierper produzéiert ronn zwee Liter Mosaaft den Dag. D'Iwwerproduktioun an d'Ënnerproduktioun vu Mosaier ka beim Mënsch gesondheetlech Niewewierkungen hunn. De Soud ass e Phenomeen, bei deem d'Mosaier den Oesophag opstéisst.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mosaier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. baden-wuerttemberg.nabu.de: Wie können Geier Knochen verdauen?