Mouvement réformateur

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Logo Avenue de la Toison d'Or, 84-86
1050 Ixelles
Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1846 (Parti libéral)
1961 (PLP-PVV)
1971 (PLP)
1979 (PRL)
+ 1992 (FDF)
+ 1998 (MCC)
= 2002 (MR)
Memberen a: 35.0001 (2015)[1]
President: Georges-Louis Bouchez
Ideologie: liberal
Faarwen: blo
Europäesch Affiliatioun: ALDE
Websäit: mr.be
Remarken
1 Déi Zuel ass fir d'Memberen an d'Sympathisanten zesummen.
2013 gouf et 23.500 Memberen, déi cotiséiert hunn.

De Mouvement réformateur (MR) ass eng liberal Partei an der Belsch, déi an de frankophone Regiounen (Wallounien mat der däitschsproocheger Communautéit an Haaptstadregioun Bréissel) aktiv ass.

Si ass 2002 aus véier Parteien (PRL, PFF, FDF an MCC) fusionéiert. Et sinn dat:

Um europäesche Plang ass de Mouvement Réformateur an der ALDE vertrueden (3 Deputéiert bei de Wale vun 2014).

Den Olivier Chastel ass aktuell (2016) President vum MR. Bis 2014 war de Charles Michel, aktuell (2016) Premierminister an enger Regierungskoalitioun mat der N-VA, dem Open VLD an dem CD&V de President vum MR.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dh.be (online): Les vrais chiffres des adhésions aux partis politiques: le PTB au top, le PS fait flop) (2. Mäerz 2016)